Tommy Schlesser

lëtzebergesche Schauspiller
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tommy Schlesser, gebuer de 16. August 1989 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schauspiller, Comedian a Model.

Tommy Schlesser
Gebuer 16. August 1989
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller
Famill
Geschwëster Émile V. Schlesser

Liewen & Karriär änneren

Den Tommy Schlesser, dee schonn am Alter vun 8 oder 9 Joer zesumme mat sengem eelere Brudder Émile éischt kleng Filmer gedréint huet, staamt aus enger Juristefamill; scho säi Papp, säi Grousspapp a säin Ur-Grousspapp hunn als Juriste geschafft[1]. Hien huet fir d'éischt de Wee vun senge Virfaren ageschloen, an a Frankräich e Jurastudium ugefaangen. 2012 huet hien d'Entscheedung getraff, sech ganz der Schauspillerei ze widmen. Nach ier hie konnt säi Schauspill-Studium op der Film Acting School zu Köln untrieden, gouf hien an der TV Sitcom Comeback gecast, wou hie wäertvoll Erfarunge konnt sammelen. Fir Comeback stoung hie vun 2012 bis 2013 virun der Kamera. Säi Schauspillstudium huet hien dono zu Los Angeles absolvéiert.

Zanterhier schafft hien als Schauspiller fir Film an Televisioun, a stoung a ville Kinosfilm-, Kuerzfilm- an TV-Produktioune virun der Kamera. Ausserdeem gesäit een hien och a Reklammen oder als Model.

2013-2014 hat hie seng eegen Sketch-Comedy Serie Wat Elo? fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass. 2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie Gute Zeiten, Schlechte Zeiten als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn. Am Kuerzfilm Long Lost (2016), deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. Vum September 2018 un, war hien an der Haaptroll vun der Sitcom Zëmmer ze verlounen op RTL ze gesinn, an am selwechte Joer am lëtzebuergesche Kinosfilm Superjhemp retörns, wou hien zesumme mat der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch gespillt huet.

An der Rosamunde-Pilcher-Verfilmung Die Braut meines Bruders, déi am Februar 2019 an der ZDF "Herzkino"-Rei ausgestraalt gouf, huet den Tommy Schlesser d'Roll vun engem Sportsdokter, a Partner vun engem Foussballprofi, verkierpert, dee seng Homosexualitéit verheemlecht. Eng Roll an Thematik, déi et an där Form beim ZDF bis dohin nach ni gouf. Am Mäerz 2020 gouf d'Inga-Lindström-Verfilmung Liebe verjährt nicht um ZDF fir d'éischt Kéier ausgestraalt, wou den Tommy Schlesser als Muséesdirekter "Lennart" an der Haaptroll ze gesi war. Am selwechte Joer huet hien an der ZDF-Produktioun Das Traumschiff eng vun den Haaptrollen gespillt. De Film gouf haaptsächlech am Marokko gedréint[2].

Enn 2020 stoung den Tommy Schlesser zu Mallorca virun der Kamera vum spuenesche Regisseur Benito Zambrano fir d'Bestseller-Verfilmung Pan de limón[3]. Am Summer 2021 huet hien a Jordanien mam belsche Regie-Duo Adil El Arbi & Bilall Fallah de Film Rebel gedréint[4]. Am Februar 2022, wärend d'TV-Serie Capitani 2 fir d'éischt Kéier ausgestraalt gëtt, wou hien d'Roll vun engem Drogeboss huet, ass den Tommy Schlesser an Éisträich mat bei den Dréiaarbechte fir d'ZDF-Filmrei Die Bergretter.

Hie wunnt zu Lëtzebuerg, an ass zënter 2018 mat senger Jugendléift Jill Morbach bestuet. Zesummen hu si eng Duechter.

Soss änneren

Hien ass de Brudder vum Regisseur Émile V. Schlesser.

2013 gouf hie vun de Lieser vun der Zeitung L'essentiel zum "schéinste Lëtzebuerger" gewielt[5].

Filmographie änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Kuerzfilm änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tommy Schlesser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Emile André Schlesser (2021-02-25). Gekuckt de(n) 2022-03-21.
  2. Tommy Schlesser auf großer Fahrt. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2020-04-11). Gekuckt de(n) 2022-03-21.
  3. Ein TV-Herzensbrecher dreht auf Mallorca. Mallorca Magazin (2020-12-06). Gekuckt de(n) 2022-03-21.
  4. Tommy Schlesser übernimmt Rolle in Kinofilm "Rebel". Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-06-14). Gekuckt de(n) 2022-03-21.
  5. Link op dee Voting op essentiel.lu Leider ass d'Resultat nëmmen ze gesinn wann ee fir d'éischt nach emol ofstëmmt an op der säit steet och keen Datum]
  6. 6,0 6,1 6,2 Tommy Schlessser op IMDb, der Internet Movie Database, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
  7. 7,0 7,1 Ee Liewen am Film op 100komma7.lu de 15. Mee 2018, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
  8. 8,0 8,1 8,2 Fernsehen: Tommy Schlesser bei "GZSZ" op wort.lu den 12. November 2015, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
  9. Romantisch und emotional op wort.lu de 27. Juli 2018, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
  10. Viel Herzschmerz um zwei Luxemburger op wort.lu de 27. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
  11. Tommy Schlesser den Ament um „Traumschiff“ am Asaz op rtl.lu den 20. November 2019
  12. SCHLESSER dreht für ZDF-"Die Bergretter"