Mickey Hardt

lëtzebuergesche Kampfsportler, Mannequin a Schauspiller

De Mickey Hardt, gebuer de 27. Mäerz 1969 zu Sorengo (Schwäiz), ass e lëtzebuergesche Kampfsportler, Mannequin a Schauspiller.

Mickey Hardt
Gebuer 27. Mäerz 1969
Sorengo
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Mannequin, Taekwondoka, Filmschauspiller

No sengem Studium huet de Mickey Hardt 1994 ugefaangen als Model ze schaffen. Hie gouf 2007, 2009 an 2011 däitsche Champion am Savate an der Gewiichtsklass bis 75 kg; am Taekwondo huet hien den 2. Dan.

Seng éischt Tëleesserie war 1999 op RTL Television Der Puma (9 Episoden). Aner Serien, wou e matspillt, sinn ë. a. Alisa - Folge deinem Herzen (duerno Hanna - Folge deinem Herzen), Alles was zählt a Weemseesdet.

Hien ass de Fils vum fréiere Foussballspiller Jean Hardt.

Filmographie (Auswiel)

änneren

Um Spaweck

änneren