Michel Tereba

lëtzebuergesche Filmregisseur a -schauspiller

De Michel Tereba ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a -schauspiller.[1]

Michel Tereba
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Filmschauspiller

Zanter 1999 huet hien eng sëllegen Aarbechte bei Filmproduktioune gemaach: vum Toun iwwer d'Kamera bis bei de Montage. Dono huet hie sech op Regie a Schauspillerei spezialiséiert.

Hien huet zanterhier Museksvideoen a Fiktiounsfilmer realiséiert (Zombie Film, Scarlet Anger, Date-Lech), sou wéi och eng Rëtsch Documentairen (wourënner RWG: No der Schoul, D'Preise së rëm zeréck - Alamo zu Cliärref, an e puer Episoden aus der Dokumantarserie routwäissgro).

Als Schauspiller huet hien ë. a. Rollen an Heemwéi, Override an Dem Mich seng Kichen gespillt.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche bei routwäissgro op rtl.lu.