D'Wäiss Pateren, eigentlech Societas Missionariorum Africae SMA, op Franséisch Société des missionaires d'Afrique, ass e kathoulesche Männeruerden a gehéiert zu de wichtegste kathoulesche Missiounsuerden vun der Neizäit. D'Ofkierzung fir déi Geeschtlech ass M. Afr..

Wäiss Pateren am Mariendall (1965)

Den Uerde vun de Wäisse Patere, eng Vereenegung vu Bridder a Geeschtleche gouf 1868 vum deemolegen Äerzbëschof vun Alger dem spéidere Kardinol Charles Martial Allemand Lavigerie fir d'Afrikamissioun gegrënnt.

Zu Lëtzebuerg haten d'Wäiss Pateren hire Sëtz am Mariendall.