Monument Notre-Dame vu Fatima zu Wolz
D'Monument Notre-Dame vu Fatima ass e Monument um Flouer op Bäessent zu Nidderwolz dat opgeriicht gouf fir un d'Affer vun den zwéi Weltkricher z'erënneren[1].
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Wolz |
Plaz |
Nidderwolz op Bäessent |
Koordinaten |
49° 58’ 17’’ N 05° 55’ 07’’ O |
Ageweit | 1949 |
Héicht | 406 m |
Material | Steen |
Zu Éiere vun | Krichsaffer |
D'Monument dat 1949 opgeriicht gouf, steet op enger Héicht vu 406 Meter am Éislek tëscht Wolz an Näertrech, op enger Kopp, déi Hougeriicht heescht. Et kënnt een dohi wann een iwwer den CR329 vu Wolz op Näertrech fiert.
D'Monument ass 1949 op Ufro vun enger Rei Familljen no de Bombardementer vun 1944 opgeriicht ginn[2] an et veréiert d'Muttergottes déi 1917 an der portugisescher Stad Fátima e puermol vun dräi Schéiferkanner soll gesi gi sinn.
Zanter 1969[1] pilgeren haaptsächlech portugisesch Awunner vu Lëtzebuerg op Christi Himmelfaart bei d'Fatima. D'Monument huet sech am Laf vun de Joren zu enger Muttergottes-Pilgerplaz entwéckelt op där mëttlerweil op Christi Himmelfaart eng ökumeenesch Feier ofgehale gëtt. Zanter 1973 sinn déi lëtzebuergesch a portugisesch Fátima-Pilgerplaze matenee jumeléiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Monument Notre-Dame vu Fatima zu Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Les Luxembourgeoises qui ont promis d'ériger le sanctuaire de Fatima, op wort.lu 29. 5. 2019
- Notre-Dame de Fatima op cathol.lu
Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa | |
Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen |
Belsch: | Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin |
Frankräich: | Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour |
International: | Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga |
Pilgerplaze fir Sportler: | Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It) |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 (fr)Pèlerinage portugais à Niederwiltz. Luxemburger Wort (15.05.1973). Gekuckt de(n) 06.05.2022.
- ↑ (fr)Le monument à la Vierge de Fatima. Lëtzebuerger Land, 52. Jg., nº 11, S. 15 (18.03.2005). Gekuckt de(n) 06.05.022.