De Wilhelm (Guillaume) Hülsemann, gebuer den 2. Februar 1871 am Pafendall a gestuerwen de 25. Abrëll 1921 zu Iechternach, war e kathoulesche Geeschtlechen an Auteur.[1]

Wilhelm Hülsemann
Gebuer 2. Februar 1871
Gestuerwen 25. Abrëll 1921
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Säi Liewen änneren

De Wilhelm Hülsemann ass den 10. August 1897 zum Priister geweit ginn. Hie war ee Joer laang Kaploun zu Néngsen a koum dann am September 1898 als Koadjutor an d'Iechternacher Bullett, d'Sankt-Jouseph-Pensionat. Am August 1908 ass hie Paschtouer zu Béigen ginn.[2]

Wärend dem Éischte Weltkrich huet hie sech zesumme mam Charles Schaack ëm belsch Weesekanner gekëmmert.[3] Nom Krich hunn de Schaack an den Hülsemann zousätzlech en Hëllefswierk fir Éisträich gegrënnt, bei deem den Hülsemann, grad wéi bei der Hëllef fir d'belsch Kanner, déi dreiwend Kraaft war.[4][2]

De 17. Oktober 1919 ass den Hülsemann zeréck op Iechternach komm, wou hie vun elo un Direkter vun der Bullett war.

De W. Hülsemann huet 1901 e Bichelche fir Pilger mam Titel Sankt-Willibrordus-Büchlein erausginn, wou d'Liewe vum Willibrord a Versen erzielt gëtt; donieft si Gebieder dran an e Willibrorduslidd mam Titel Im Jubel wir dich grüßen, wou den Text vum Hülsemann an d'Melodie vum Laurent Menager ass.[2] Den Hülsemann huet och nach e puer Gedichter verfaasst, déi am Joer 1900 an der Zäitschrëft Ons Hémecht ofgedréckt goufen,[5] an eng Biographie vum Laurent Menager, an eng aner vum Clausener Paschtouer Nicolas Leonardy.

Publikatiounen änneren

  • Die Abtei von Echternach: zur Inauguration des St. Joseph-Pensionates in der Benediktinerabtei in Echternach. Grevenmacher: Buchdr. der Obermosel-Zeitung, 1898, 4 S.[6]
  • St. Willibrord: Gedicht zur ersten Oktavfeier des Heiligen in der Diözese Luxemburg. Echternach: P. Klüsserath, 1900, 49 S.
  • St. Willibrordus-Büchlein: enthaltend das Leben des Heiligen sowie besondere Gebete zu seiner Verehrung und zur Wallfahrt nach Echternach: ausserdem die gewöhnlichen christlichen Gebete / hrsg. von Wilhelm Hülsemann. Echternach: P. Klüsserath, 1901, 252 S.
  • Lorenz Menager: eine biographische Skizze. Luxemburg, P. Worré-Mertens, 1902, 87 S.
  • Kurzgefaßtes Lebensbild des hochw. Herrn Nikolaus Leonardy, gestorben als Pfarrer zu Clausen (Luxemburg). In: Ons Hémecht, 14(1908), S. 31-37, 66-80, 99-114. (och als Tiré à part erauskomm: Kurzgefasstes Lebensbild des hochw. Herrn Nicolaus Leonardy, gestorben als Pfarrer in Clausen (Luxemburg) / entworfen von Wilhelm Hülsemann. Luxemburg: F. Bourg-Bourger, 1908, 38 S.).

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (Wilhelm Hülsemann S. 280).
  • Seiler, Emile, 1992. Vater der Schwachen. In: In Dei nomine Feliciter, Nr. 4 / Pfingsten 1992. Hrsg. Willibrordus-Bauverein, Echternach, S. 3 (Beilage zum Lëtzeburger Sonndesblad).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Beim Guy Krier (Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall. Luxembourg 1982, S. 62) steet als Stierfdag iertemlecherweis de 15. Abrëll 1921.
  2. 2,0 2,1 2,2 Seiler 1992.
  3. Kuck z. B.: Luxemburger Wort 1915, Nr. 49 (18. Februar), S. 3 (Ein Zwischenfall). [1]
  4. Luxemburger Wort 1925, Nr. 210 (29. Juli), S. 3 (Diekirch, 29. Juli.). [2]
    Kuckt och:
    Luxemburger Wort 1921, Nr. 97 (27. April), S. 1 (Herr Direktor Hülsemann †). [3]
    Luxemburger Wort 1921, Extrablatt - Bericht über die Kammersitzung vom 28. April, S. 3 (Pfaffenthal, 29. April.) (Mat engem Extrait aus der “Wiener Reichspost”). [4]
    Luxemburger Wort 1921, Nr. 129 (6. Juni), S. 3 (Noriff an Éisträich). [5]
  5. Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 480-481.
  6. Et handelt sech heibäi ëm en Text a Versen. Kommentéiert Extraiten dovu fënnt een am Frank Wilhelm sengem Artikel Nos professeurs écrivains, Festschrëft 150 Joër (sic) Iechternacher Kolléisch (1841-1991), Luxembourg 1992, S. 436-437.
  7. Memorial N°8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen