In Dei nomine FeliciterIn Gottes Namen voran, zum glücklichen Gelingen, kuerz Feliciter genannt, ass eng Publikatioun vum Iechternacher Willibrordus-Bauveräin, déi Artikelen zum Willibrorduskult an zum Wallfaartsuert Iechternach bréngt. Si kënnt zweemol am Joer eraus: am Mee oder am Juni fir d'Sprangpressioun an am November fir Willibrordusdag (7. November).

De Feliciter geet zeréck op eng Initiativ vum Pierre Kauthen, deen deemools President vum Willibrordus-Bauveräi war. Déi eescht Nummer koum am November 1990 eraus. D'Auteure vun där Nummer waren: Pierre Kauthen, Mathias Schiltz, Georges Kiesel, Emile Seiler, Théophile Walin an Alex Langini. Redakter war de Pierre Kauthen.

De Feliciter koum als Bäilag vum Letzeburger Sonndesblad eraus, a wéi dëst am Dezember 2001 opgehalen huet, vun 2002 un als Bäilag vum Luxemburger Wort.

Déi redaktionell Leedung vum Periodik louch bis 2005 an der Hand vum Pierre Kauthen; zanter Mee 2006 läit s'an der Hand vum Marc Jeck.

Literatur änneren

  • Kauthen, P., 2020. Die Entstehungsgeschichte des „Feliciter“. In: In Dei nomine Feliciter, Nr. 60 (Juni 2020), S. 2.