Wanns de eppes kanns!

lëtzebuergesch Castingshow

Wanns de eppes kanns! (heiansdo als WDEK ofgekierzt) ass eng lëtzebuergesch Castingshow, déi fir d'éischt Kéier am Februar 2009 op RTL Télé Lëtzebuerg gesent gouf. An dëser Sendung gi Persoune mat besonneschen Talenter gesicht. All Kandidat trëtt virun enger Jury op, déi dann entscheet, wien an d'Finall kënnt, an där d'Zuschauer per SMS de Gewënner wielen. Presentéiert gëtt d'Sendung vum Philippe Dondelinger an der Monica Semedo.

De Logo vun der Sendung

Ënner de Kandidate waren ënner anerem Sänger, Rapper, Dänzer, Beatboxer, Dragqueenen, Hondstrainer mat hirem Déier, Komiker an Akrobatinnen.

Jury änneren

Staffel Joer Jurymemberen
1 2009 Sylvia Camarda Pierre Dillenburg Gérard Valerius
2 2010 Gast Waltzing
3 2011 Mickey Hardt

Staffelen änneren

Éischt Staffel änneren

Fir déi éischt Staffel vu Wanns de eppes kanns! sinn Ufank 2009 am Ganzen 160 Kandidaten ugetrueden. An der Jury souzen d'Choreographin Sylvia Camarda, de Pierre Dillenburg an de Gérard Valerius. An der Finall, enger Livesendung déi de 4. Abrëll samschdegowes am groussen RTL-Studio war, hu sech der eelef vun hinne virun der Jury misste presentéieren. Den däitsche Sänger Daniel Küblböck huet als Invité de Gérard Valerius an der Jury ersat. D'Téléspecateuren hunn mat ëm déi 25.000 SMSen[1] den eelef Joer ale Breakdancer Isaiah Wilson vu Biissen zum Gewënner gewielt, virum Beatboxer Jeff Deischter vu Buerglënster an de Museker Gilles & Kiko vun Uewerkäerjeng.[2] Fënnefte gouf den Alain Mertens.

Zweet Staffel änneren

Déi éischt Auditioune fir déi zweet Staffel hunn am Februar 2010 ugefaangen. An der Jury ass de Gérard Valerius duerch de Gast Waltzing ersat ginn. Et hu sech 160 Kanditate presentéiert, vun deenen et der zéng Stéck bis an d'Finall den 11. Abrëll gepackt hunn. An dëser Livesendung hunn d'Zuschauer déi uechtzéng Joer al Schülerin Sarah Meyer, déi dem Jacques Brel säi Lidd Quand on a que de l'amour virgedroen huet, als Gewënnerin gewielt.[3]

De Laurent de Luxembourg huet et bis an d'Halleffinall gepackt.

Drëtt Staffel änneren

Un der drëtter Staffel hunn 150 Leit deelgeholl. De Schauspiller Mickey Hardt huet de Pierre Dillenburg an der Jury ersat.[4] An der Finall ass de lëtzebuergesch-éisträichesche Sänger Marco Angelini, bekannt aus der däitscher Castingshow Deutschland sucht den Superstar, mam Lidd Let Me Entertain You opgetrueden. De Laurent de Luxembourg huet 2011 nach eng Kéier matgemaach an et op déi fënneft Plaz gepackt. D'Sängerin Deborah Schneider vu Munneref huet mat 15,22 % vun de Stëmmen virun der Sängerin Kim Girrens (14,32 %) an dem Duo Andrea Galleti an Nathalie Haas (14,10 %) gewonnen.[5] Am Summer 2011 huet d'Deborah Schneider d'Lidd My Band erausbruecht, dat et bis op déi éischt Plaz an der RTL Hitmaschinn bruecht huet.

Referenzen änneren

  1. backstage.rtlgroup.com: N°1 dans le cœur des Luxembourgeois
  2. rtl.lu: Wanns de eppes kanns: Isaiah Wilson dat gréissten Talent!, 4. Abrëll 2009
  3. rtlgroup.com: Sarah Meyer wins finale of Wanns de eppes kanns, 14. Abrëll 2010
  4. filmreakter.lu Hart, aber fair, 10. Abrëll 2011 Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2012-03-12.
  5. rtl.lu: Wann s de eppes kanns: D'Deborah Schneider gewënnt!, 15. Mee 2011