Gérard Valerius

lëtzebuergesch Radiosperséinlechkeet a Galerist
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Gérard Valerius, gebuer ëm 1963[1], ass eng lëtzebuergesch Radiosperséinlechkeet. Hien ass och Galerist, fréiere Wiert a Bedreiwer vun Nuetsbaren. Hie gouf dofir dacks als "Kinnek vum Nuetsliewen" bezeechent.[2],[3],[4]

Gérard Valerius
Gebuer 26. Juli 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Galerist, Radiosspeaker

Liewen änneren

Seng Elteren haten e Riddosbuttek. Hie war siwe Joer Ersatzschoulmeeschter, an huet och eng kuerz Zäit bei der Cargolux geschafft.[5]

1993 ass seng Disko, den Didjeridoo oder einfach "Didj", zu Hollerech opgaangen, déi bis 2005 existéiert huet.[5],[6] Vun 2008 u war hie Gérant vun der Bar "King Wilma" an de Rives de Clausen, déi 2016 hir Dieren zougemaach huet.[7]

2017 huet hie seng eege Galerie fir zäitgenëssesch Konscht op der Stater Theaterplaz opgemaach.[8]

Hie war eng Zäit laang Member vun der Band Djuju.[9]

De Gérard Valerius ass Chroniqueur an der Emissioun 5 vir 12, engem "alternative Wocheréckbléck" op RTL Radio Lëtzebuerg. Hien huet do virdrun och aner Emissiounen animéiert a war och laang bei den RTL-Déckkäpp. Och an anere Programmer op RTL Radio an op RTL Télé Lëtzebuerg ass hien heiansdo ze héieren an ze gesinn.

Referenzen änneren

  1. (fr)« Je n'ai jamais été un grand épargnant ». Paperjam Mars 2020 by Maison Moderne, (p. 107). issuu.com (03.03.2020). Gekuckt de(n) 10.07.2023.
  2. paperjam.lu: Vivre entouré d’art vum Céline Coubray (27. Mäerz 2021)
  3. rtl.lu: Gerard Valerius: Kee gewéinleche Galeriebesëtzer
  4. woxx.lu: Peinture
 : Le boxeur vum Luc Caregari (15. November 2018)
  5. 5,0 5,1 De Gérard Valerius am RTL Podcast Podpurri Archivéiert op 2023-07-10. Gekuckt de(n) 2023-07-10.
  6. Interview mam Gérard Valérius an De Bistro - Stëmm vun der Strooss, Januar 2008, N°49
  7. land.lu: L’esthétique relationnelle vum Josée Hansen (21. Abrëll 2017)
  8. paperjam.lu: Le jour où… j’ai investi dans l’art, avec Gérard Valerius vum Jeanne Renauld (2. Dezember 2021)
  9. tageblatt.lu: Djuju forever! vum René Hoffmann (7 . August 2013)