Laurent de Luxembourg

Lëtzebuergesche Museker

De Laurent de Luxembourg, gebuer als Laurent Muller den 9. Februar 1988 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Travestiekënschtler, Sänger a Schauspiller

Laurent de Luxembourg
Gebuer 9. Februar 1988
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Liewen

De Laurent Muller huet am Alter vun aacht Joer ugefaange Musek ze léieren. De Solfège huet hien zu Rëmeleng an zu Péiteng gemaach, mat engem klengen Zwëschesprong am Stater Conservatoire, wou hien awer no 2 Méint opgehalen huet. Hie spillt Tenorsaxophon, ass Member an der Rodanger Musek an Dirigent vun der Rodanger Jugendkapell.

Wärend senger Schoulzäit am Lycée technique Mathias-Adam huet de Laurent Muller an enger Filmproduktion an am Theaterstéck Les 12 Travaux de Marc-Antoine matgewierkt.

2008 war de Laurent Muller fënnef Méint zu Kos a Griicheland, wou hien Animateur fir d'TUI war.

2009 koum de Laurent Muller Member bei déi lëtzebuergesch Travestie- a Kaméidigrupp Fadas Family. D'Joer drop huet hien als Laurent de Luxembourg mat däitsch-hollännescher a lëtzebuergescher Komik bei der Talentshow Wanns de eppes kanns! (WDEK) matgemaach. An der Sendung huet hien et bis an d'Halleffinall gepackt. 2011 ass hie mat Live-Gesang nach eng Kéier opgetrueden. Mam Lidd Rolling on the River koum hien an de Recall wou hie mat Mäin Draam, der lëtzebuergescher Versioun vu My Way, an d'Finall gewielt gouf. An der Live-Finall op RTL Télé Lëtzebuerg huet hien et mat Wat mécht e Mann zum Mann?, engem Schwätzgesang zur Musek vu Comme ils disent, bei deem hien als Mann op d'Bün koum a se als Fra erëm verlooss huet, op déi fënneft Plaz gepackt.

No WDEK huet hie bei der RTL-Sendung Vakanz de Lux(e) matgemaach, bei där hie fir e gudden Zweck Vakanz a Spiller zu Lëtzebuerg gemaach huet. 2012 war hien e VIP-Invité an der Büneshow The Final Curtain an der Rockhal, wou hien nieft der Sylvia Camarda an dem Hervé Sogne der Rock/Pop-Legend Freddy Mercury en Hommage ginn huet. Donieft ass de Laurent de Luxembourg nach bei verschiddenen aneren Organisatiounen a Sendungen (ënner anerem 20 vir) opgetrueden.

Lëtzebuergesch Cover-Versioune vum Laurent de Luxembourg

  • Mäin Draam (My Way)
  • Wat mecht en Mann zum Mann (Comme ils disent)
  • Ech wéilt esou gär béiss sinn (Ich wär so gern böse)
  • Mäi Kierper ass mäi Kapital (Mein Körper ist mein Kapital)
  • Dat ka keen esou ewéi ech (Nobody does it like me)
  • Dat geet guer keen iergendeppes un! (Das geet keinen etwas an)
  • Mady Move Your Body (Yes Sir, I can Boogie)
  • Péiteng, Péiteng (Moskau, Moskau)