SMS ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner SMS (Homonymie)

SMS (Méizuel: SMSen) steet fir Short Message Service an ass eng Textnoriicht, déi iwwer Handy geschéckt gëtt.

E Beispill vun engem SMS-Message

Als Verben an deem Zesummenhank gëtt et eng SMS schécken.

Déi éischt short message vum Short Message Service (SMS) hat als Text „Merry Christmas“ a gouf den 3. Dezember 1992 vum britteschen Ingenieur Neil Papworth vun engem Computer un e GSM am brittesche Vodafone-Netz geschéckt. Also ongeféier e Joer no der Aféierung vum GSM-Standard fir Handyen an Europa (1991).

Zanter 1997 ginn och SMS-Noriichten iwwer Internet verschéckt.

Weiderentwécklung vun der SMS existéieren ënner dem Numm Enhanced Message Service (EMS) a Multimedia Messaging Service (MMS).

Opbau vun der SMS änneren

Eng SMS besteet aus zwéin Deeler:

Header
(Engl. fir "Kapp") Am SMS-Header si verschidden Informatioune vun der SMS uginn, zum Beispill Ofsendernummer, Codéierung (7 Bit, 8 Bit, 16 Bit), Zeechesaz (zum Beispill ISO 8859-1 fir Laténgesch, ISO 8859-6 fir Arabesch, etc.), Gëltegkeet vun der Noriicht, Empfängernummer etc.
Body
(engl. fir "Kierper") Et ass den "Inhalt" vun der SMS, deen den Text enthält, deen iwwerdroen an um Display ugewise gëtt. Déi maximal Gréisst vun engem Body ass op 1.120 Bit (= 160 Zeeche fir Text-SMSen) begrenzt, mä et gëtt och d'Méiglechkeet, méi SMSe mateneen ze verbannen (concatenated SMS / EMS).

Codéierung änneren

Haaptartikel SMS-Codéierung

Et gëtt dräi verschidden Aarte vun SMS-Codéierung:

7 Bit
Fir Test-SMS mat laténgesche Buschtawen a grousse griichesche Buschtawen
8 Bit
Fir Daten-SMS (binär SMS), wei z. B. Handylogoen
16 Bit
Unicode (UCS2), d. h. op BMP beschränkten UTF-16

Literatur änneren

Däitsch Bicher änneren

Franséisch Bicher änneren

  • Jacques Anis, Parlez-vous texto ? Guide des nouveaux langages du réseau, éd. Le Cherche-Midi, 2001.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Short Message Service – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren