Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Commonwealth Realm ass e souveräne Memberstaat vum Commonwealth of Nations, dee mat der brittescher Kroun duerch eng Personalunioun verbonn ass.

Weltkaart op där d'Commonwealth Realms rosa ervirgehuewe sinn

Den aktuellen Herrscher um britteschen Troun ass de Kinnek Charles III. A jiddwerengem vun dëse Länner intervenéiert de Monarch duerch staatsrechtlech Akten opgrond vun sengem als Kinnek vum betreffende Land; d'Commonwealth Realms sinn also nëmmen duerch Personalunioun matenee verbonn.

Déi haiteg Commonwealth Realms sinn (an alphabetescher Reiefolleg) Antigua a Barbuda, Australien, d'Bahamas, Barbados, Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua Neiguinea, d'Salomonen, Saint Kitts an Nevis, Santa Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu an d'Vereenegt Kinnekräich.

D'Commonwealth Realms sinn net mat dem Commonwealth of Nations u sech gläichzesetzen. Ënner den därzäitege Memberstaate vum Commonwealth sinn nëmme 16 Realms, nieft 31 Commonwealth Republiken a sechs konstitutionelle Monarchië mat aneren Dynastien. Bannen am Commonwealth gëtt et keen Ënnerscheed tëscht de Commonwealth Realms an den anere Memberen.

Geschicht änneren

Um Spaweck änneren