Vëlospist PC21

Itinéraire cyclable du nord

D'Vëlospist PC21, och nach Nordpist, offiziell Itinéraire cyclable du nord, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Vëlospist PC21
D'Vëlospist PC21 bei der Buergplaz, a Richtung Ëlwen
offiziellen Numm Itinéraire cyclable du nord
Lëtzebuerger Numm Nordpist
vu(n) Kautebaach
op Wemperhaart
Längt 47 km
déifste Punkt Kautebaach
héchste Punkt Wemperhaart
Land Lëtzebuerg


Schantgen op der Maulesmillen, beim PN48a (Jan. 2023).

Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC21 iwwer 47 km vu Kautebaach op d'belsch Grenz (tëscht der Wemperhaart an der Schmëdd). Den déifste Punkt (252,85 m) ass zu Kautebaach (Duerfstrooss) an den héchsten (549,13 m) bei der Wemperhaart (Bei der Stawelterstrooss)[2].

Se féiert da gréisstendeels duerch d'Dall vun der Klierf, laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Kautebaach, Lellgen, Pënsch, Reiler, Klierf, Eeselbuer, Boxer, Saassel, Pafemillen, Ëlwen a Wilwerdang.

Aktuell sinn awer eréischt zwéin Deeler, mat am Ganzen 18,27 km realiséiert[3]:

Kautebaach – Wëlwerwolz änneren

D'Stéck tëscht Kautebaach, op der Kräizung mat der PC16 an 20, iwwer Lellgen, wou et no Osten en Uschloss un d'PC22 gëtt, bis op Wëlwerwolz, ass schonn a Betrib.

Wëlwerwolz - Klierf änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Klierf - Ëlwen änneren

D'Aarbechten um Deelstéck tëscht Klierf an Ëlwen goufen den 10. Juni 2022 offiziell ugefaangen. Et ass eng 6 km laang, a geet zum gréissten Deel laanscht d'Eisebunnsstreck op Ëlwen. Op der Pafemillen geet se iwwer den Hiwwel, fir do den Tunnel ze ëmfueren.

D'Stéck tëscht Klierf an der Maulesmillen soll bis Summer 2023 fäerdeg sinn.[4]

Ëlwen – belsch Grenz änneren

Am Hierscht 2011 gouf ugefaangen d'Vëlospiste um Tracé vun der aler Eisebunnsstreck tëscht Ëlwen an der belscher Grenz unzeleeën. Den Deel tëscht Ëlwen a Wilwerdang war Enn November 2011 praktesch fäerdeg. Zu Wilwerdang gouf den 23. November en Uschloss preparéiert fir vum CR336 op déi fréier Zuchstreck ze kommen. D'Vëlospist féiert awer do net iwwer d'Streck, well een Deel am Flouer Kléngelbuer verkaaft gi war an a Privathänn ass. De Proprietär hat op deem Deel – dee praktesch ganz an engem Huelwee läit – kleng Wierer opgeriicht a Fëschweieren installéiert.

Eng ronn 2 km hanner Wilwerdang a Richtung Sankt Väit läit de 790 Meter laange Wilwerdanger Tunnel, duerch deen d'Vëlospist uganks geplangt war. Well sech awer verschidden Arte Fliedermais am Tunnel agelieft hunn an och do iwwerwanteren, gouf den Tunnel aus Déiereschutzgrënn gespaart a gëtt och net restauréiert. D'Vëlospist leeft elo westlech vum Tunnel duerch de Bësch, iwwer d'Buergplaz an dann ëstlech a Richtung Lengeler.

Den Deel vu Wilwerdang bis op d'Statioun Al Géidgen war och am Juni 2012 fäerdeg.

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Nordpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen änneren

Vun der Vëlospist PC21 feelt nach de mëttelsten Deel tëscht Wëlwerwolz an Ëlwen.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC21 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  3. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019
  4. "PC21 Clervaux - Troisvierges: Premier coup de pelle." op travaux.public.lu (nogekuckt 2023-03-28).