Lengeler

belsch Uertschaft an der Gemeng Buerg-Räiland (Provënz Léck)

Lengeler ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerg-Räiland am Südoste vun der Provënz Léck op der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Lengeler
Lengeler.JPG
Lengeler vun der Vennbunn aus gesinn
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of the German Community in Belgium.svg Däitsch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Liège.svg Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 10’ 32.80’’ N
      06° 03’ 19.96’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4791

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Lengeler zu der fréierer Gemeng Thommen gehéiert.

Den TunnelÄnneren

Lengeler ass duerch e 790 Meter laangen Tunnel mat Wilwerdang verbonnen. Et war fréier en Eisebunnstunnel op der Belsch-Lëtzebuerger Grenz an deem Eisebunnsstrecken Ëlwen - Wilwerdang a Sankt Väit - Lengeler openee gestouss sinn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wilwerdanger Tunnel.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Lengeler – Biller, Videoen oder Audiodateien