Fliedermais
Fliedermais, och Flënter- oder Flantermais (Microchiroptera), si Mamendéieren aus der Uerdnung vun de Flanterdéieren (Chiroptera). Am meeschte fält bei deenen Déieren op, datt hir viischt Glidder am Laf vun der Evolutioun Flilleke goufen. Domat sinn d'Flanterdéieren déi eenzeg Mamendéieren, déi aktiv fléie kënnen. Aner Mamendéieren, wéi d'Fluchhörnercher, kënne seegelen, awer net aktiv fléien.
Fliedermais | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Townsend-Langouer | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Microchiroptera Dobson, 1875 | |||||||||||||
Iwwerfamilljen | |||||||||||||
Emballonuroidea |
Fliedermais zu Lëtzebuerg
ännerenZu Lëtzebuerg goufe bis elo 21 Fliedermausaarten nogewisen (Stand 2021)[1][2]
- Barbastella barbastellus, Mopsfliedermaus,
- Eptesicus serotinus, Breetflillekefliedermaus,
- Eptesicus nilssonii, Nordfliedermaus,
- Myotis alcathoe[3], Nymphefliedermaus,
- Myotis daubentonii, Waasserfliedermaus,
- Myotis mystacinus, Kleng Baartfliedermaus,
- Myotis brandtii, Grouss Baartfliedermaus,
- Myotis dasycneme[3], Séifliedermaus,
- Myotis emarginatus, Wimperefliedermaus,
- Myotis natterreri, Buuschtefliedermaus,
- Myotis bechsteinii, Bechsteinfliedermaus,
- Myotis myotis, Grousst Mausouer,
- Nyctalus noctula, Bëschfliedermaus,
- Nyctalus leisleri, Kleng Bëschfliedermaus,
- Pipistrellus pipistrellus, Zwergfliedermaus,
- Pipistrellus nathusii, Rauhautfliedermaus,
- Plecotus auritus, Brongt Laangouer,
- Plecotus austriacus, Grot Laangouer,
- Rhinolophus hipposideros, Kleng Hufeisennues,
- Rhinolophus ferrumequinum, Grouss Hufeisennues,
- Vespertilio murinus, Zweefaarweg Fliedermaus.
Literatur
änneren- Gessner, B., 2012. Teichfledermaus (Myotis dasycneme Boie, 1825) und Nymphenfledermaus (Myotis alcathoe Helversen & Heller, 2001), zwei neue Fledermausarten für Luxemburg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 113: 137-140.
- Harbusch, C., E. Engel & J.B. Pir, 2002. Die Fledermäuse Luxemburgs. Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 33; 149 Säiten.[1]
- Lina, P. H.C., 2016. Common Names of European Bats. EUROBATS Publication Series No. 7. UNEP / EUROBATS Secretariat, Bonn, Germany, 104 pp. [2]
- Mitchell-Jones, A.J. et al., 1999. The Atlas of European Mammals. T & AD Poyser Ltd and Academic Press, 484 S.
- Pir, J.B. & L. Schley, 2015. Développement des connaissances sur la répartition et l'écologie des mammifères au Luxembourg entre 1990 et 2015. Bull. Soc. Nat. luxemb. 116: 437-455. [3]
- Arthur, L. & M. Lemaire, 2021. Les chauves-souris de France, Belgique, Luxembourg et Suisse. Éditions Biotope, Mèze, Muséum national dHistoire natuelle, Paris, 3e édition, 592 p.
Um Spaweck
ännerenCommons: Microchiroptera – Biller, Videoen oder Audiodateien |