Tun Tonnar
Den Tun Tonnar, gebuer 1994[1] an och bekannt als Turnup Tun, ass e lëtzebuergesche Rapper an Hip-Hop-Produzent.
Tun Tonnar | |
---|---|
Gebuer | 1994 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Ermesinde |
Aktivitéit | Museksproduzent, Rapper |
Famill | |
Papp | Serge Tonnar |
Geschwëster | Luka Tonnar |
Hie gehéiert zesumme mam Tommek an anere Rapper zum Kollektiv Stayfou.[2]
Liewen
ännerenDem Tun Tonnar säi Papp ass de Museker Serge Tonnar a säi Monni de Filmmécher Yann Tonnar. Och säi Brudder Luka Tonnar ass ënnert dem Numm luk. als Rapper aktiv.
Den Tun Tonnar ass am Lycée Ermesinde an d'Schoul gaangen. Zu där Zäit war hien och Gitarrist an der Schülerband Impact Hour.[3] 2012 an 2013 huet Impact Hour beim Screaming Fields an huet béid Kéiere Präisser gewonnen. D'Band huet sech 2014 getrennt.[4]
2016 huet hien als Deel vum Kollektiv Räpzodi, an deem och säi Brudder Luka an den Tommek aktiv waren, een Album mam selwechten Numm verëffentlecht.[5] Dee gouf vum Serge Tonnar produzéiert.
A senger Ufankszäit als Rapper huet den Turnup Tun vill mam Rapper Skinny J kollaboréiert. Zesummen hu si zwéin Albumen erausbruecht, Frësche Wand (2018) an All Aen op eis (2020). Fir e puer vun dem Duo senge Lidder war hien och de Regisseur vun de Museksvideoen, wéi zum Beispill bei de Summerhitten Karibik (mam Bandana) a Cuba Libre (mam Tommek). Déi zwéi Videoen hunn op YouTube iwwer 40.000, respektiv iwwer 75.000 Vuen.[6][7] Elleng op Spotify goufen déi zwee Lidder ronn 150.000, respektiv iwwer 190.000-mol gelauschtert.[8]
Am Oktober 2018 huet hien d'Lidd FCK LXB verëffentlech, an deem hie Perséinlechkeeten aus dem rietspopulistesche Milieu zu Lëtzebuerg karikaturéiert, wéi de Wee2050 an Déi Konservativ. E puer vun de Persounen, déi hien an deem Lidd viséiert, hunn hie wéinst Beleidegung viru Geriicht bruecht, dorënner de Fred Keup, de Joe Thein an den Dan Schmitz.[9] Am Mee 2019 gouf hie fräi geschwat,[10] wat vun der Cour d'Appel am Abrëll 2020 bestätegt gouf.[11]
Als Reaktioun op säin éischte Fräisproch huet hien d'Lidd freeturnup verëffentlecht.[12]
Am Hierscht 2019 huet hie mam Nosi um Partylidd Schëdden kollaboréiert. Et handelt iwwer exzessiven Alkoholkonsum. Et gouf iwwer 330.000-mol gestreamt gouf.[8]
E gréissere Succès hat hien am Summer 2020 als Produzent vum Maale Gars sengem Lidd Alles versicht. Den Tun Tonnar huet och déi meescht vum Maale Gars sengen anere Lidder ëm déi Zäit gemëscht a gemastert.
Am August 2021 huet den Turnup Tun säi Soloalbum Schlëmme Summer erausbruecht,[13] nodeems am Abrëll schonn d'Kollaboratioun Marrakesch mam Nosi presentéiert gi war.
Nodeem en 2020 säin eegene Release Level Up verëffentlecht an der Sängerin Irem hir EP Look at Me produzéiert huet, koum säin Album Realtalk ass am Abrëll 2023 op de Maart. An deem verschafft hien ënner anerem d'Trennung vu senger laangjäreger Frëndin.[4] Déi éischt Singleauskoppling Nach e Kuss hat Succès op de Streamingplatformen . Aner Extraiten waren Hook mat Skinny J an dat méi rockeg Du kanns mer wéidoen.
Schonn e puer Méint drop koum d'EP Schlëmme Summer 2 eraus, als Norfolgerin vunm éichten Deel, dee bal genee zwee Joer éischter erauskomm war.[14] Fir den 13. Oktober 2023 ass d'Verëffentlechung vum sechste Studioalbum Nuit Blanche an der Escher Kufa ugekënnegt.[15]
Discographie
ännerenStudiosalbumen
änneren- 2018: Frësche Wand (zesumme mam Skinny J)
- 2020: All Aen op eis (zesumme mam Skinny J)
- 2021: Schlëmme Summer
- 2022: Level Up
- 2023: RealTalk
- 2023: Nuit Blanche
EP
änneren- 2023: Schlëmme Summer 2
Lidder (Auswiel)
änneren- 2017: Grand-Duc (zesumme mam Skinny J)
- 2018: Karibik (zesumme mam Skinny J a Bandana)
- 2018: Cuba Libre (zesumme mam Skinny J an Tommek)
- 2018: FCK LXB
- 2018: 100K (zesumme mam Skinny J)
- 2019: 12 Joer
- 2019: Pogo
- 2019: freeturnup
- 2019: Lloret (zesumme mam Skinny J)
- 2019: Schëdden (zesumme mam Nosi)
- 2020: Krank
- 2020: Kee Rassist
- 2020: Alles versicht (zesumme mam Maale Gars)
- 2020: De Kapp dämpt (zesumme mam Skibi)
- 2020: Heartbreaker (zesumme mam Jast)
- 2021: Moonrocks (zesumme mam Big T a Maale Gars)
- 2021: Marrakesch (zesumme mam Nosi)
- 2021: De Gudden (zesumme mam Lilou)
- 2022: Léiwer alleng
- 2022: Mamacita
- 2022: Camouflage
- 2023: Nach e Kuss
- 2023: Hook (zesumme mam Skinny J)
- 2023: Du kanns mer wéidoen
- 2023: iLove
Um Spaweck
änneren- Den Turnup Tun op Soundcloud, Facebook
- Dem Turnup Tun seng Discographie op Rate Your Music
- Stayfou op Youtube
Referenzen
änneren- ↑ Profil op Soundcloud
- ↑ 100komma7.lu: "Authentizitéit ass ganz wichteg" (19. Oktober 2019)
- ↑ rtl.lu: Dossier de presse février 2012 vun de CarréRotondes
- ↑ 4,0 4,1 culture.lu: TurnupTun - Realtalk vum Godefroy Gordet (26. Juni 2023)
- ↑ wiltz.lu: Garden Sounds - Räpzodi (2020)
- ↑ YouTube: Skinny J & Turnup Tun - Karibik (feat. Bandana)
- ↑ YouTube: Skinny J & Turnup Tun - Cuba Libre (feat. Tommek)
- ↑ 8,0 8,1 Streaming-Statiskik vum Tun Tonnar op Spotify
- ↑ lequotidien.lu: Soutien des Pirates à Turnup Tun au nom de la liberté d’expression (11. Mäerz 2019)
- ↑ wort.lu: Freispruch für Turnup Tun (8. Mee 2019)
- ↑ lequotidien.lu: Rap ou dérapage ? L’acquittement de Tun Tonnar confirmé (1. Abrëll 2020)
- ↑ wort.lu: Turnup Tun reagiert mit neuem Rap auf Freispruch (8. Mee 2019)
- ↑ tageblatt.lu: Neues Album / Turnup Tuns poppiger Luxemburgisch-Rap hat Entwicklungspotenzial vum Nora Schloesser (12. August 2021)
- ↑ eldo.lu: Turnup Tun: Schlëmme Summer 2 (4. August 2023)
- ↑ kulturfabrik.lu: TURNUP TUN - ALBUM RELEASE : "NUIT BLANCHE"