Skinny J

lëtzebuergesche Rapper

De Jim Thill, besser bekannt als Skinny J, ass e lëtzebuergesche Rapper.[1]

Skinny J
Gebuertsnumm Jim Thill
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Tountechniker, Rapper

Hien ass, zesumme mam Tommek, dem Tun Tonnar an aneren, Member vum Kollektiv Stayfou.[2]

Liewen a Karriär änneren

De Jim Thill ass 2013 de Bass-Gittarist vun der Punkband All the Way Down ëm de John Wolter ginn.[3] Mat där huet hien 2017 den Album For the Princess opgeholl.

2016 huet hien als Deel vum Kollektiv Räpzodi, an deem hie Gittar a Batterie gespillt huet, een Album mam selwechten Numm verëffentlecht.[4] Dee gouf vum Serge Tonnar produzéiert.

Als Rapper huet de Skinny J vill mam Rapper Turnup Tun kollaboréiert. Eent vun hiren éischte gemeinsame Lidder als Duo war Grand-Duc (2017). Zesummen hu se zwéin Albumen erausbruecht, Frësche Wand (2018) an All Aen op eis (2020). Zu hiren erfollegräichste Lidder gehéieren d'Summerhitten Karibik (mam Bandana) a Cuba Libre (mam Tommek). Déi zwéi Videoen hunn op YouTube iwwer 40.000, respektiv iwwer 75.000 Vuen.[5][6] Elleng op Spotify goufen déi zwee Lidder ronn 150.000, respektiv iwwer 190.000 Mol gelauschtert.[7]

Den 12. Abrëll 2019 war d'Releaseparty vum Skinny J senger éischter Solo-EP Ego, zesumme mam Release vum Ragga senger EP Däischter Gaassen.

De Jim Thill schafft professionell als Tountechniker.[1][8]

Discographie änneren

Studiosalbumen änneren

EP änneren

  • 2019: Ego

Lidder (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 rtl.lu: Lifestyle - Live! Planet People am Replay Zu Gaascht waren: Tun Tonnar, Jim Thill, Alex Heyar an Ivan Cardoso (8. Mäerz 2018)
  2. 100komma7.lu: "Authentizitéit ass ganz wichteg" (19. Oktober 2019)
  3. court-circuit.band: All the way down
  4. wiltz.lu: Garden Sounds - Räpzodi (2020)
  5. YouTube: Skinny J & Turnup Tun - Karibik (feat. Bandana)
  6. YouTube: Skinny J & Turnup Tun - Cuba Libre (feat. Tommek)
  7. Streaming-Statiskik vum Tun Tonnar op Spotify
  8. 100komma7.lu: All Aen Op Eis: Kee politesche Sprengstoff (31. Mäerz 2020)