Lycée Ermesinde
De Lycée Ermesinde Miersch (LEM) ass eng lëtzebuergesch autonom Secondairesschoul, déi am September 2005 an der Stad Lëtzebuerg zu Hollerech, ënner der Bezeechnung Neie Lycée, hir Dieren opgemaach huet. Am Joer 2012[1] huet de Lycée déi provisoresch Container zu Hollerech verlooss an ass an nei Gebaier zu Miersch geplënnert.
De Lycée Ermesinde um Campus scolaire zu Miersch | |
(LEM) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Miersch |
Leedung | Jeannot Medinger |
Schülerzuel | 644 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 2005 |
Genannt no | Ermesinde vu Lëtzebuerg |
Um Spaweck | http://www.lem.lu/ |
Zum Lycée gehéiert de Schoulrestaurant „Melusina“ an d'Internat „Sigfrid“.
Geschicht
ännerenDe Lycée gouf duerch e Gesetz vum 25. Juli 2005 portant création d'un lycée-pilote gegrënnt[2][3]. Seng Organisatioun gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 10. August 2005 festgeluecht[4].
E krut den Numm Neie Lycée well et deemools nach eng Pilot-Schoul war, déi an enger Testphase war. E sollt awer och zum Ausdrock bréngen, datt et eng Schoul ass, déi en anere System huet wéi déi aner Schoulen zu Lëtzebuerg. Notamment ass den Neie Lycée eng Ganzdagsschoul.
Wéi d'Schoul opgoung gouf et just Septième-Klassen. Am Joer 2006 hat se 260 Schüler. Fir d'Rentrée 2007 koume 6e- a 5e-Klassen derbäi. Vum Schouljoer 2009/2010 gouf mat der 3e schrëttweis och den ieweschten Zyklus vum Secondaire ugebueden. Déi éischt Schüler hunn am Joer 2012 hire Premièresexamen do gemaach.
Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 24. Februar 2012 krut d'Schoul den Numm Lycée Ermesinde[5].
Direkter
änneren- zanter 2005: Jeannot Medinger
Fächer déi enseignéiert ginn
ännerenBranches disciplinaires
ännerenBranches interdisciplinaires
änneren- « Art et société »: Geschicht, Anthropogeographie, Konscht a Musek, Éducation civique;
- « Éducation aux valeurs »;
- « Sciences et techniques »: Physik, Chimie, physesch Geographie, Biologie;
- « Sport et santé »: Sport an Deeler vun der Humanbiologie.
Eemol an der Woch ass Tutorat, do soen d'Schüler engem Tuteur oder enger Tutrice, wat si an der Woch gemaach hunn.
Entreprisen
ännerenAll Schüler „schafft“ zäitweis an enger oder zwou schoulinternen Entreprisen. Déi eenzel Entreprise si Produktiounseenheeten déi vun spezialiséiertem Personal mat Firmenerfaarung geleet ginn.
Am Lycée gëtt et 16 Entreprisen[6]:
- Académie Beauté: Coiffer et Ästheetik
- Arts & Métiers: Konscht, Architektur, Schräinerei, Molerei, Bitzen, Keramik
- Atelier des gourmets: Restauratioun
- B.A.M. Bike Atelier Mersch: Vëlosreparatur
- C.A.D.E.: Firmeverwaltung
- Chelseau Studios: Kommunikatioun
- Circles: Zirkus
- Dragons: Sport
- LEM.Science: Wëssenschaften
- Lemur Stop Motion Studio: Stop-Motion
- Laboratory for Information Technologies (LITe): Informatiounstechnik
- Natter: Biodiversitéit
- Sätzwierk: Sproochen a Kulturen
- Seefood: Café a Kantin
- The Growlight Company: Danz, Theater, Regie
- Waves: Musek
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Lycée Ermesinde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Websäit vum Lycée Ermesinde
- Pourquoi Ermesinde ? Artikel iwwer den Numm vum Lycée
- Neue Freiheit im Container (archivéiert) D'Land vum 23. Dezember 2005.
Referenzen
änneren- ↑ Offre scolaire. Gekuckt de(n) 28.09.2022.
- ↑ Loi du 25 juillet 2005 portant création d'un lycée-pilote. legilux.lu (25.07.2005). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
- ↑ REPUBLICATION de la loi du 25 juillet 2005 portant création d'un lycée-pilote. legilux.lu (26.08.2005). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
- ↑ Règlement grand-ducal du 10 août 2005 relatif au fonctionnement du lycée-pilote. legilux.lu (10.08.2005). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
- ↑ Règlement grand-ducal du 24 février 2012 portant dénomination du lycée-pilote. legilux.lu (24.02.2012). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
- ↑ Les entreprises. lem.lu. Gekuckt de(n) 28.09.2022.