De Bandana ass e Gangsta-Rapper vun Esch-Uelzecht.

Bandana
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper

Karriär änneren

Hien ass am Hierscht 2015 bekannt gi wéi d'Police op Esch-Belval geruff gouf well sech do eng Dose bewaffnet maskéiert Persoune erëmgedriwwen hunn. D'Waffe goufe beschlagnaamt; et huet sech erausgestallt, datt et falscher waren an datt dat Ganzt den Tournage fir e Museksvideo war.[1],[2] Den 1. November 2015 gouf dee Video fir dem Bandana säin éischten Titel Squad op YouTube gesat a gouf an engem Dag 15.000-mol[3] an an der Zäit vun enger Woch 100.000-mol gekuckt[4] ugeklickt. E gouf a bal alle groussen nationale Medien ernimmt an huet gréisstendeels negativ Reaktiounen ervirgeruff. Rapper wéi den C.M.P, de Marc Garçon an den Jerry Kane hu mat Dissen reagéiert, och den Tommek huet e Video als Reaktioun verëffentlecht.[5]

Am Dezember 2015 huet de Bandana den Disstrack YM géint de Ben Olinger verëffentlecht. 2016 sinn nach d'Titele Locker a 4Fun erauskomm.

Am Dezember 2016 ass dem Bandana säin éischte Studiosalbum Eh verëffentlecht ginn. Nieft Squad a Locker war dorop och d'Lidd Bommeeléer [sic] ze fannen, dat eleng op Spotify iwwer 450.000 Mol gestreamt gouf. 2018 war hien um Lidd Karibik vum Skinny J an Turnup Tun ze héieren.

Eh! Vol. 2 gouf 2019 verëffentlecht, an d'Joer drop d'Singele Gasolina a 6. Stack. Duerno huet hie mam Nosi op deem sengem Track Klengen Drenken kollaboréiert.

Am Dezember 2021 huet de Bandana säin drëtten Album Na Banda releast, op deem Butterfly (2020) an d'Lidd Lausbouf mam Maale Gars ze fanne sinn.

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 2016: Eh
  • 2019: Eh! Vol. 2
  • 2021: Na Banda

Lidder (Auswiel) änneren

  • 2015: Squad
  • 2015: YM
  • 2016: Locker
  • 2016: 4Fun
  • 2017: Aya
  • 2018: Waat leeft?
  • 2020: Gasolina
  • 2020: 6. Stack
  • 2020: Butterfly

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. L'essentiel (online): La police sur les dents à cause d'un clip de rap (25. Oktober 2015)
  2. Journal (online): Rap-Dreh auf der Motorhaube ging nach hinten los (3. November 2015)
  3. Luxemburger Wort: Luxemburgisches Rapper-Video jetzt im Netz (2. November 2015)
  4. Le rappeur Bandana prépare un nouveau coup! (9. November 2015)
  5. RTL: Aner Rap-Kënschtler reagéiere mat Dissen an Net-Dissen (12. November 2015)