Irem (Sängerin)

lëtzebuergesch Sängerin

D'Irem Sosay, besser bekannt als Irem, ass eng lëtzebuergesch-tierkesch Pop-Sängerin.

Irem
Aktivitéit Sänger

Si huet dräi Joer am Conservatoire Braatsch geléiert a Solfège gemaach, an duerno Gittar geléiert. Spéider huet si och nach Gesankscoursen an der "Maacher Musekschoul" geholl[1].

Hir Debut-Single Ëmmer méi gouf vum Turnup Tun produzéiert a koum am Juni 2022 eraus[2]. Am September war si um lëtzebuergesche Rapper Sixo sengem Lidd Gold ze héieren, kuerz drop huet si den engleschen Titel Fading Rose erausbruecht.

Am Kader vun de Gemengen- a Chamberwalen 2023 huet RTL Lëtzebuerg fir de Projet "Eis Stëmmen" aacht Lëtzebuerger Kënschtler gefrot, e Lidd iwwer een Theema ze schreiwen, dat hinne wichteg ass. D'Irem huet d'Lidd Nach e Schrëtt iwwer Aktivismus, Fraerechter a Feminismus bäigedroen[3],[4].

Am Abrëll 2023 war d'Irem zesumme mam Angel Cara ee vun de Opener vum Concert vum Chaild an der Kulturfabrik. Den 30. Juni huet déi 21 Joer al Sängerin hir éischt EP Look at Me mat fënnef Lidder a fënnef Sprooche verëffentlecht. Nieft der engleschsproocheger éischter Singleauskopplung mam selwechten Numm waren déi aner Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Tierkesch, respektiv Franséisch[5],[2]. Och déi Lidder goufe vum Turnup Tun produzéiert.

Diskografie änneren

EP änneren

  • 2023: Look at Me

Singelen änneren

  • 2022: Ëmmer méi
  • 2022: Gold (Sixo & Irem)
  • 2022: Fading Rose
  • 2023: Nach e Schrëtt
  • 2023: Look at Me

Referenzen änneren

  1. rtl.lu: D'Irem an der Emissioun ArtBox (25. Juni 2023)
  2. 2,0 2,1 eldo.lu: Nei Single vum Irem (26. Mee 2023)
  3. rtl.lu: "Eis Stëmmen": Irem "Nach e Schrëtt" (4. Abrëll 2023)
  4. Episode vun "Eis Stëmmen" op rtl.lu
  5. rtl.lu: Am Takt: Irem, Dreamcatcher & DJ Cavallino (19. Juni 2023)