Joe Thein

lëtzebuergesche Politiker a Steward

De Joe Thein, gebuer de 17. Juli 1991 zu Esch/Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker

Joe Thein
Gebuer 17. Juli 1991
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Mathias-Adam,
Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Fluchbegleeder, Immobilienagent
Partei ADR, Déi Konservativ

Hien huet als Steward bei der Luxair geschafft; zanterhier studéiert hie Geschicht op der Uni Lëtzebuerg[Wéini ?].

Politesch Karriär änneren

Hie war vun 2008 bis 2017 Member vun der ADR. 2009 gouf hien och Member vun der Jugendorganisatioun adrenalin, déi jonk adr, wou hie 5 Joer Vizepresident war an zanter 2015 President.[1] Hie war ausserdeem Vizepresident vum ADR-Südbezierk a vun der ADR-Sektioun Péiteng, souwéi an der Exekutiv an am Nationalkommitee vertrueden.

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien, als eenzegen ADR-Member, an de Péitenger Gemengerot gewielt.[2][3]

Hien ass weiderhin zanter Dezember 2016 Vizepresident vum Daachverband vun den europäesche konservative Jugendorganisatiounen EYC.[4]

Wéinst engem “Like”, mat deem de Joe Thein e Kommentar géint den Ausseminister Jean Asselborn op Facebook, approuvéiert hat, an och wéinst aneren interne Reprochen huet den Nationalkommitee vun der ADR den 9. Mäerz 2017 de Joe Thein aus der Partei ausgeschloss[5].[6]

Knapps zwou Wochen drop huet hien eng eegen nei Partei gegrënnt, Déi Konservativ.[7]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.adr.lu/neie-schwonk-bei-der-adrenalin/
  2. http://www.elections.public.lu/fr/elections-communales/2011/resultats/communes/petange/index.html
  3. Archive copy Archivéiert op 2015-09-24. Gekuckt de(n) 2015-03-19.
  4. Archive copy Archivéiert op 2017-01-20. Gekuckt de(n) 2017-02-16.
  5. "Joe Thein vum ADR-Nationalkommitee aus Partei ausgeschloss". rtl.lu, leschten Update: 10.03.2017, 07:54:32.
  6. Communiqué vun der ADR
  7. "No ADR-Ausschloss: Joe Thein grënnt nei Partei 'Déi Konservativ'." rtl.lu, 21.03.2017, 17:41:12.