Tourismusministère
![]() |
Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Tourismusministère oder Tourissemministère ass e Ministère, dee fir Tourismus zoustänneg ass. Déi politesch Verantwortung dréit den Tourismusminister.
Den Tourismusministère zu LëtzebuergÄnneren
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Tourismusministère oder Tourissemministère sinn zu Lëtzebuerg vereinfacht a geleefeg Bezeechnunge fir d'Tourissemofdeelung (fr.: Département du tourisme) am Ministère des classes moyennes et du tourisme, déi fir den Tourismus zoustänneg ass. Den Tourismusministère gouf 1964 ënner der Regierung Werner-Cravatte geschaf.
AttributiounenÄnneren
Entspriechend dem groussherzoglechen Arrêté[1] vum 27. Juli 2009, ass den Tourismusministère zoustänneg fir follgend Theemefelder:
- allgemeng Politik vum Tourissem;
- Fërderung vum Tourissem;
- touristesch Infrastrukturen, z. B. Wanderweeër;
- den Office national du tourisme;
- Kongresser a Seminären;
- d'Agentur Luxembourg Congrès;
- Tourismusbüroen am Ausland;
- grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht.
MinisterenÄnneren
Minister | Zäitraum | Regierung |
---|---|---|
Françoise Hetto | 2009- | Regierung Juncker-Asselborn II |
Fernand Boden | 1979-2009 | Regierung Juncker-Asselborn I, Regierung Juncker-Polfer, Regierung Juncker-Poos, Regierung Santer-Poos III, Regierung Santer-Poos II, Regierung Santer-Poos I, Regierung Werner-Thorn-Flesch |
Josy Barthel | 1977-1979 | Regierung Thorn-Vouel-Berg |
Marcel Mart | 1969-1977 | Regierung Thorn-Vouel-Berg, Regierung Werner-Schaus II |
Henry Cravatte | 1964-1969 | Regierung Werner-Cravatte |
Vertriedungen am AuslandÄnneren
Numm | Stad | Land |
---|---|---|
Ambassade van Luxemburg, Afdeling Toerisme | La Haye | Holland |
Office du tourisme du grand-duché du Luxembourg | Bréissel | Belsch |
Office du tourisme du grand-duché du Luxembourg | Paräis | Frankräich |
Luxemburgische Botschaft, Abteilung Tourismus | Berlin | Däitschland |
Luxemburgisches Verkehrsamt | Mönchengladbach | Däitschland |
Luxembourg Tourist Office | London | Groussbritannien |
Luxembourg Tourist Office, Luxembourg House | New York | USA |
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Cf. Säit 2533 in: Arrêté grand-ducal du 27 Juillet 2009 portant constitution des Ministères. Memorial Nr. 173: 2532-2541 vum 29. Juli 2009. (PDF, 60 kB).