Eric Thill

lëtzebuergesche Politiker an Ekonomist
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Eric Thill, gebuer de 27. November 1993[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (DP) an Ekonomist. Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Kultur an Delegéierte Minister fir Tourismus an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Eric Thill
Gebuer 27. November 1993
Schieren
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

Karriär änneren

Vun November 2019[3],[4] bis November 2023 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Schieren.

Hie gouf bei senger Nominatioun mat 25 Joer dee jéngsten amtéierende Buergermeeschter am Land, an och dee jéngsten an der Geschicht[5].

Virdru war hie bei de Gemengewale vun 2017 an de Schierener Gemengerot gewielt ginn, wou e Schäffe gouf. Nom Récktrëtt vum viregte Buergermeeschter wéinst Onstëmmegkeeten am PAG koum et zu engem Wiessel, an den Thill gouf neie Buergermeeschter[5].

Vun August 2020 bis zu senger Nominéierung als Minister huet hien als parlamentareschen Attaché fir d'DP-Fraktioun an der Chamber geschafft.

Literatur änneren

  • Bernard Thomas: "L'Année des Tigres." d'Lëtzebuerger Land Nr.45, 11.11.2022, S.6.

Um Spaweck änneren

Commons: Eric Thill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Marc Thill: "Wie hältst du's mit der Kultur, Eric Thill?" wort.lu, 16.11.2023.
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. "Eric Thill est le nouveau bourgmestre de Schieren." paperjam.lu, 07.11.2019 • Édité Le 08.11.2019.
  4. Assermentation d'un bourgmestre et d'échevins. mint.gouvernement.lu (30.11.2019). Gekuckt de(n) 05.06.2022.
  5. 5,0 5,1 "Eric Thill, un bourgmestre très précoce." paperjam.lu, 25.08.2020 • Édité Le 01.09.2020.