Energie
Ënner Energie versteet een eng potenziell Kraaft, ënner welcher Form och ëmmer, déi et erlaabt, eng Aarbecht ze maachen. D'Wuert Energie kënnt vum griicheschen εργοs (ergos), wat "Aarbecht" bedeit. De Begrëff Energie ass vum schottesche Physiker William John Macquorn Rankine am Joer 1852 am haitege Sënn an d'Physik agefouert ginn.
Déi verschidden Energieaarten
ännerenMechanesch Energie
ännerenGemengt ass déi potenziell Energie, déi sech aus engem mechanesche System ergëtt.
Thermesch-Energie oder inherent Energie
ännerenDat ass déi Energie, déi a Moleküllen oder Atomer vun enger Matière gespäichert ass.
Elektresch oder magnéitesch Energie
ännerenSi gëtt ofgeleet aus dem physesche Prinzip, dat Deeler vun engem Stoff, wa s'elektresch oder magnéitesch opgeluede sinn, si sech unzéien oder ofstoussen.
Bindungs-Energie
ännerenSi gëtt bei engem cheemeschen oder atomare Prozess fräigesat.
Primär a sekundär Energie
ännerenWell d'Energie net verschwannen, mä nëmmen ëmgewandelt ka ginn, schwätzt ee vun
- Primärer Energie a vun
- Sekundärer Energie, déi aus engem Ëmwandlungsprozess entsteet (z. B. d'elektresch Energie als Produkt vun der Verbrennung vu Kuelen oder Mazout oder als Produkt vun der Atomspaltung).
Net erneierbar an erneierbar Energien
änneren- Net erneierbar ass déi Energie, deenen hir Ressourcë limitéiert sinn. Dat trëfft z. B. fir déi fossill Brennstoffer a fir de Pëtrol, deenen hir Reserve limitéiert sinn, zou.
- Erneierbar ass d'Energie, déi aus dem Holz, dat nowiisst, dem Wand, dem Waasser oder der atomarer Spaltung kënnt.
D'Energieproduktioun
ännerenAm Laf vun der Zäit huet sech d'Struktur vun der Energieproduktioun staark verännert an eng Rei vu Konsequenzen hu sech doraus erginn:
- Réckgank vum Kuelenundeel bei der Produktioun vu Primärenergie
- Wuessenden Undeel vun der Atomenergie
- Ongläichgewiicht tëscht de geographeschen Zone wou Energie produzéiert gëtt an de Regioune wou déi meescht Energie verbraucht gëtt
- Perspektiv vun enger Energieknappsheet
- Onrentabel Anlage fir d'Produktioun vun Energie an den Entwécklungslänner (Anlage mat grousse Perten)
D'Entwécklung vum Energiekonsum
ännerenDe relativen Energiekonsum ass vu Land zu Land staark verschidden a spigelt an engem gewësse Mooss den Entwécklungsgrad an dem Klima vun de Länner zeréck.
- Energiekonsum vu verschiddenen Industrielänner pro Joer a pro Kapp vun der Bevëlkerung, an TEP-Unitéiten
- Island 12,246
- Lëtzebuerg 8,409
- Kanada 8,156
- USA 8,148
- Finnland 6,409
- Belsch 5,776
- Australien 5,740
- Norwegen 5,704
- Schweden 5,354
Den Energiekonsum huet an de leschte Joren iwwerall staark zougeholl an et gëtt gefaart datt vill Reserve vun net erneierbarer Energie (Äerdueleg ënner anerem) an den nächste Joerzéngten ausginn.
Energiekonsum an Ëmweltproblemer
ännerenVerschidden Ëmweltproblemer stelle sech ogrond vum staark klammenden Energiekonsum:
- De Problem vun der Loftverpeschtung besonnesch duerch d'Kueleverbrennung an den Austouss vun CO2 duerch d'Autoen
- De Problem vum Klimawiessel duerch d'Zerstéierung vun der Ozonschicht an der Atmosphär
- De Problem vum Straleschutz am Zesummenhang mat den Atomzentralen an der Lagerung vun atomaren Offäll
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Energie – Biller, Videoen oder Audiodateien |