Lëtzebuerger Pavillon maritime

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Pavillon maritime ass den nationale Fändel vum Land an deem e Schëff enregistréiert ass, an deen dat Schëff obligatoresch um Mast aushänke muss. Un d'Gesetzer vun deem Land mussen d'Schëffsbesëtzer sech an deem Fall och halen. Meeschtens war dat an der Vergangenheet dat Land an deem e Reeder oder eng Reederei usesseg waren. Aus enger Rei vu Grënn ass dat haut net méi de Fall. Vill Schëffer navigéieren haut nämlech ënner engem frieme Pavillon.

Pavillon vun de Schëffer, déi zu Lëtzebuerg enregistréiert sinn
De Star Clipper, e Véiermaster, dee bis 2010 zu Lëtzebuerg enregistréiert war

Geschicht änneren

De Lëtzebuerger Pavillon de la batellerie et de l'aviation gouf 1972 duerch d'Gesetz vum 23 Juni geschaf. Dëst Gesetz ass duerch Gesetz vum 27 Juli 1993 verännert a completéiert ginn.

Duerch d'Gesetz vum 9. November 1990 gouf de Regëster geschaf an deem all d'Schëffer, déi ënner dem Lëtzebuerger Pavillon fueren, agedroe ginn.

Dëse Regëster ass duerch d'Gesetz vum 23. September 1997 op d'bâteaux de plaisance ausgedeent ginn.

Firwat ee Pavillon maritime zu Lëtzebuerg geschaf gouf änneren

Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, dat ouni Zougang zum Mier friem Schëffer registréiert. Och d'Schwäiz huet hiren eegene Pavillon. A Länner wéi Frankräich sinn dozou iwwergang fir friem Schëffer an engem neigeschafen internationale Register anzedroen a fir duerch erliichtert Konditiounen d'Konkurrenzfäegkeet vun de Schëffer, déi ënner hirem internationale Pavillon fueren, ze verbesseren.

Kennzeeche vum Lëtzebuerger Regëster änneren

D'Lëtzebuerger Flott änneren

De 4. November 2013 waren no Donnéeë vum lëtzebuergesche Commissariat aux Affaires maritimes 251 Schëffer mat engem totalen Tonnage vun 2.815.917 Tonnen zu Lëtzebuerg enregistréiert.[1]

Literatur änneren

  • Bernard Thomas: "Hinterland." d'Lëtzbuerger Land Nr. 33, 15. August 2014, S. 10.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Stand vum Regëster de 4.November 2013