Thomas Voeckler
franséische Vëlossportler
Den Thomas Voeckler, gebuer zu Schiltigheim den 22. Juni 1979 ass e franséische professionelle Vëlossportler. Hie fiert zanter 2001 an der Ekipp Europcar. Um Tour de France 2009 an um Tour de France 2010 konnt hien eng Etapp gewannen. Besonnesch bekannt gouf en 2004 an 2011 wéi en all Kéier zéng Deeg am Gielen Trikot gefuer ass.
Thomas Voeckler | |
---|---|
| |
Gebuer |
22. Juni 1979 Schiltigheim |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Gréisst | 177 Zentimeter |
Gewiicht | 66 kg |
Veräin/Ekipp |
Direct Énergie, Vendée U, Direct Énergie |
![]() |
Palmarès Änneren
2003 Änneren
- Gewënner vum Tour de Luxembourg
Hie gëtt zu de beschte franséische Coureuren aus den 2000er Jore gerechent.