Den Tour de France 2021 war déi 108. Editioun vum Tour de France am Cyclissem. E gouf tëscht dem 26. Juni an dem 18. Juli 2021 gefuer. Vainqueur am Generalklassement gouf den Tadej Pogačar.
De Parcours war am Ganzen 3.414,4 Kilometer laang a bestoung aus 21 Etappen. Dovu waren der 8 am flaache Land, sechs mat Koppen, sechs an de Bierger, an zwou am individuelle Contre-la-montre. Den Tour huet dat Joer just een Ausfluch baussent Frankräich gemaach, nämlech an Andorra. Et goung duerch véier Biergmassiver: de Massif armoricain, de Massif central, d'Alpen an Pyrenäen.[2].