D'Muttergottesknippchen ass eng Plaz um Tëtelbierg zu Rolleng, op där eng Muttergottesfigur steet.

D'Muttergottes ouni Hänn

Dat Besonnescht un dëser Figur war, datt se jorelaang keng Hänn méi hat. 2009 gouf d'Figur awer restauréiert an d'Muttergottes krut nei Hänn. Gläichzäiteg gouf d'Plaz ronderëm frësch amenagéiert an zanterhier ass d'Statu och nuets beliicht. Hei gëtt, bei guddem Wieder, d'Virowendmass fir Christi Himmelfahrt mat uschléissender Liichterpressessioun gehal.

Den 22. Dezember 2007 gouf en neien Aussiichtstuerm vu 6 m Héicht an enger Trap mat 29 Träppleker op dëser Plaz, déi schonn op 356 m läit, ageweit. Vun där Plaz aus huet een eng fräi Vue op Rolleng, Rodange, Éibeng, Attem a Péiteng, also iwwer den Dräilännereck Frankräich-Belsch a Lëtzebuerg[1].

Legend, wéi d'Muttergottes hir Hänn verluer huet änneren

Eng vu ville Seeërcher erzielt, datt eng Kéier e Mann mat enger Schosswaff op eng Hand vun der Muttergottes geschoss hätt. Doropshin wier de Revolver explodéiert an de Mann hätt seng béid Hänn verluer. Zanterhier huet bis zur Restauratioun 2009 och déi zweet Hand vun der Muttergottes gefeelt.

Referenzen änneren

  1. Lamadelaineinfo