D'Supernova 185 (SN 185) gouf am Dezember vum Joer 185 gesinn. D'Supernova ass gesi gi beim Alpha Centauri tëscht de Stärebiller Centaurus an Circinus an huet eng geschat Hellegkeet vun -6 bis -8 mag erreecht.[2] D'Supernova 185 gouf vu chineeseschen Astronomen observéiert an ass domat déi eelst beschriwwe Supernova an der Geschicht.

Supernova 185
Iwwerlagerung vun deBiller vum Chandra-Weltraumteleskop, XMM-Newton (blo, gréng) an dem Spitzer-Weltraumteleskop souwéi dem WISE (rout).
Stärebild Centaurus (Cen) an Circinus (Cir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 14h 40m 29 s
Deklinatioun - 62° 38.7′[1]
Ausgesinn
Physikalesch Donnéeën
Distanz   9.100(Lj)
Geschicht
Entdeckungsdatum  7. Dezember 185
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
ESO  ESO 134-11
RCW  RCW 86

Historesch Beschreiwung änneren

An deem am 5. Joerhonnert verfaasste Buch vu spéideren Han (Hou Hanshu), enger Chronik vun der chineesescher Geschicht vu 25 bis 220 n. Chr., gëtt an den Astrologeschen Annalen beschriwwen, wéi Astronomen am zweete Joer vun der Zhongping-Ära vum Keeser Han Lingdi am chineesesche Stärebild Nanmen d'Observatioun vun engem Gaaschtstär gemaach gouf.[3] Dëse Stär war iwwer vill Méint ze gesinn, variéiert an der Faarf a gouf ëmmer méi schwaach un Hellegkeet, bis hie ganz verschwonne war.

D'Opliichte vum „Gaaschtstär“ konnt unhand vun den Annalen op de 7. Dezember 185 datéiert ginn. Säi Verschwanne gëtt op de Summer vum Joer 186 oder 187 datéiert[4]. D'Stärebild Nanmen (südlecht Paart) gëtt mat de Stären Alpha a Beta Centauri a Verbindung bruecht.

Wëssenschaftlech Bewäertung änneren

D'Identifizéierung vun deem am Hou Hanshu beschriwwene „Gaaschtstär“ als Supernova war laang Zäit ëmstridden. Vill Fuerscher hunn de Gaaschtstär als Koméit duergestallt. Well d'chineesesch Astronomen awer keng Beweegung vum Stär beschriwwen haten, gëllt d'Deitung als Koméit als onwahrscheinlech.[5] D'Supernova 185 ass domat déi eelst dokumentéiert Supernova an der Geschicht.

Enn vun den 1950er Jore gouf op enger Distanz vun 8200 Liichtjoer den Emissiounsniwwel RCW 86 entdeckt, deen zimmlech séier mat dem „Gaaschtstär“ aus dem Joer 185 a Verbindung bruecht gouf.[6] Ënnersich hu festgestallt, datt et sech beim RCW 86 tatsächlech ëm d'Supernovareschter handelt[7]; eng genee Datéierung vun der Supernova, mat den Iwwerreschter RCW 86, ass am Joer 2006 mat Hëllef vum Röntgenteleskop Chandra an dem Weltraumobservatoire XMM-Newton gelongen. Deemno sinn d'Iwwerreschter ronn 1800 Joer al, wat mat dem Alter vun der am Hou Hanshu beschriwwener Observatioun gutt zesummepasst.[8]

Literatur änneren

  • David H. Clark, Francis Richard Stephenson: The Historical Supernovae, Pergamon Press, Oxford 1977, ISBN 0-08-021639-0, ISBN 0-08-020914-9.
  • Fu-Yuan Zhao, R. G. Strom und Shi-Yang Jiang: The Guest Star of AD185 must have been a Supernova. In: Chinese Journal of Astronomy and Astrophysics, Vol. 6, Nr. 5, 2006, S. 635-640.
  • Jacco Vink, Johan Bleeker, Kurt van der Heyden, Andrei Bykov, Aya Bamba und Ryo Yamazaki: The X-Ray Synchrotron Emission of RCW 86 and the Implications for Its Age. In: The Astrophysical Journal Letters. Nr. 648, 2006, S. L33–L37.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://simbad.u-strasbg.fr/simbad/sim-id?Ident=RCW+86&NbIdent=1&Radius=2&Radius.unit=arcmin&submit=submit+id
  2. Bradley E. Schaefer, Astrophysical Journal. Nr. 459, 1996, S. 438.
  3. Fu-Yuan Zhao et al., S. 636.
  4. De chineeseschen Text gëtt an dësem Fall keng genee Zäit un. Déi meescht Astronome ginn awer aus vum Juli oder August 187, vgl. Bradley E. Schaefer, The Astronomical Journal. Vol. 110, Nr. 4, 1995, S. 1793; Fu-Yuan Zhao et al., S. 638–639.
  5. Fu-Yuan Zhao et al., S. 639.
  6. B. E. Westerlund, D. S. Mathewson, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Nr. 131, 1966, S. 371.
  7. Richard G. Strom, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Nr. 268, 1994, S. L5.
  8. Jacco Vink, et al., S. L33.