Sponde (Mound)

Jupitermound


De Sponde (Jupitermound XXXVI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

XXXVI Sponde
(Jupiter XXXVI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 5
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.487.000 km
Periapsis 16.159.000 km
Apoapsis 30.815.000 km
Exzentrizitéit 0,3121
Ëmlafzäit 748,34 Deeg
Ëmlafvitess 2,28 km/s
Inklinatioun 151,00°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,0
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 9. Dezember 2001

Entdeckung änneren

De Sponde gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 5.

De Mound gouf no der Sponde, enger Gëttin aus der Griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

De Mound Sponde kreest op enger mëttlerer Distanz vun 23.487.000 km an der Zäit vu 748 Deeg, 8 Stonnen an 10 Minutten ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3121. Mat enger Inklinatioun vun 150,998° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Sponde zu der Pasiphae-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Pasiphae.

Physikalesch Daten änneren

De Sponde huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Sponde huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren