De Sonisphere Festival ass e Museksfestival deen et zanter 2009 gëtt a bei deem Gruppen haaptsächlech aus dem Beräich Metal an Hardrock optrieden.

2009 a Finnland

Am Géigesaz zu engem gewéinleche Festival gëtt dëse Festival net all Joer op der selwechter Plaz ofgehalen, mä e geet mat verschiddene Gruppen international op Tournee. En ënnerscheet sech och vun den "normale" Festivallen andeems net all Band op all Festival optrëtt. Dëst läit dorun, datt e puer Festivallen a verschiddene Länner de selwechten Dag sinn.

Geschicht änneren

De Sonisphere gouf 2009 fir d'éischt Kéier vum Stuart Galbraith a senger Firma Kilimanjaro organiséiert. Dat ass déi Firma, déi och deemools de Monster of Rock-Festival an den Download Festival organiséiert huet.

2009 änneren

Dat éischt Joer goufe Festivallen vun engem Dag an Holland, Däitschland, Spuenien, Schweden, Finnland a vun zwéin Deeg a England organiséiert. Deen éischte Festival 2009 war den 20. Juni zu Nijmegen an Holland. Als Headliner op alle Festivalle ware Metallica, Mastodon a Lamb Of God. Op vereenzelte Festivalle si Bands wei Slipknot, Korn, Die Toten Hosen, Anthrax, Linkin Park, In Extremo, Bullet For My Valentine an anerer opgetrueden.

2010 änneren

2010 goufen d'Festivallen a Groussbritannien, Schwäiz, Tierkei, Rumänien, Bulgarien, Griicheland, Finnland, Schweden, Spuenien, Tschechien a Polen opgefouert. Als Headliner goufe Rammstein, Iron Maiden, Metallica, Alice Cooper, Mötley Crüe, Motörhead, Iggy & The Stooges, Megadeth, Slayer oder Anthrax genannt. De Festival a Groussbritannien war op dräi Deeg erweidert ginn.

2011 änneren

Fir 2011 waren am Ganzen 12 Festivallen an der Tierkei, Italien, Schweden, Griicheland, Spuenien, England, Tschechien, Rumänien, Schwäiz, Finnland, Bulgarien, Indien a fir d'éischt Kéier a Frankräich. Mat dobäi waren Iron Maiden, Metallica, Slipknot, Anthrax, Slayer, Megadeth, Linkin Park a Mastodon. Keng vun dëse Bands ass op all Festival opgetrueden. De Festival a Bulgarien ass awer wéinst logistesche Problemer ofgesot ginn.

De Sonisphere Festival a Frankräich war den 8. an 9. Juli 2011 virum Galaxie zu Amnéville. Et waren iwwer 80'000 Leit aus Frankreich, Däitschland, Lëtzebuerg an der Belsch ugereest fir d'Headliner Metallica, Slayer, Megadeth, Slipknot an Anthrax souwéi nach e Koup aner Gruppen, dorënner Papa Roach a Volbeat, déi schonn e puermol zu Lëtzebuerg waren, live ze gesinn.

2012 änneren

Fir 2012 si sechs Festivallen a Groussbritannien, Polen, Spuenien, Schwäiz, Finnland a Frankräich ugekënnegt ginn. De Festival a Grousbritannien ass awer am Mäerz nees ofgesot ginn.

De Sonisphere Festival a Frankräich war de 7. an 8. Juli nees virum Galaxie zu Amnéville. Faith No More, Evanescence, Marilyn Manson a Wolfmother sinn d'Headliner. Mat Porn Queen war och eng Grupp vu Lëtzebuerg dobäi.

Um Spaweck änneren

Commons: Sonisphere Festival – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Linkin Park um Sonisphere Festival zu Kirjurinluoto, Pori, Finnland, 2009