Papa Roach

US-amerikanesch Museksgrupp

Papa Roach ass eng US-amerikanesch Museksgrupp aus Kalifornien. Hire Genre gëtt als Nu Metal oder Alternative Metal, heiansdo och als Metalcore bezeechent.

Papa Roach zu Lichtenvoorde an Holland, Juli 2010

Geschicht änneren

D'Band gouf 1993 zu Vacaville, Kalifornien vum Jacoby Shaddix (Gesang), Jerry Horton (Gittar), Will James (Bass) an Dave Buckner (Batterie) gegrënnt. Si goufe séier als Live-Band bekannt a konnte scho gläich als Virband vu bekannte Gruppe wéi den Deftones oder de Suicidal Tendencies spillen.

1996 huet de Tobin Esperance de Will James um Bass ersat. Nëmmen e puer Méint no deem Wiessel hu si ënner hirem eegene Plackelabel Onion Hardcore den éischten Album Old Friends for Young Years opgeholl, deen zum Deel vum Tobin Esperance sengem Papp produzéiert gouf, awer et net bis an d'Charts gepackt huet.

1999 goufe si vun DreamWorks ënner Vertrag geholl an hunn den Album Infest opgeholl. Heimat hu si den Duerchbroch gepackt a sinn an de Mainstream gerutscht. An der éischter Woch gouf den Album iwwer 30.000-mol verkaaft. Déi éischt Single, Last Resort, ass haut eent vun hire bekanntste Lidder. Vun do un hu se net méi als Virband gespillt, mä waren elo selwer d'Headliner vu grousse Festivallen, wéi der Vans Warped Tour, an hunn och eng eegen Tournee gemaach.

Véier Joer no hirem groussen Erfolleg hu si hiren 3. Album, Getting Away with Murder opgeholl. Dëse war, haaptsächlech wéinst der Single Scars och ee groussen Erfolleg, allerdéngs gouf en däitlech manner verkaaft wéi de Virgänger Infest. 2006 si si erëm an d'Studioe gaange fir hire 4. Album, The Paramour Sessions, opzehuelen. Do sinn zwee vun hire beléifstenste Lidder drop, d'Hardcore-Stéck To Be Loved an dat méi rouegt Stéck Forever.

Nodeem den Tony Palermo den Dave Buckner ersat hat gouf 2009 Metarmorphosis, de 5. Album opgeholl. Déi éischt Single vum neien Album war Hollywood Whore, déi gratis, ausser a Kanada, vun hirer Websäit konnt erofgeluede ginn.

Stil änneren

Als Haaptgenre vunPapa Roach gëtt dacks den Nu Metal genannt. Dëst ass och zoutreffend, mä am Géigesaz zu aneren Nu Metal-Bands, wéi Linkin Park oder Limp Bizkit schafft Papa Roach net sou vill mat Rap- oder Hip-Hop-Elementer. Ausname sinn do op den éischten Albumen Old Friends from Young Years an Infest.

D'Texter ginn haaptsächlech vum Jacoby Shaddix geschriwwen a sinn dacks poetesch.

Albumen änneren

  • Old Friends from Young Years (1997)
  • Infest (2000)
  • Lovehatetragedy (2002)
  • Getting Away with Murder (2004)
  • The Paramour Sessions (2006)
  • Metamorphosis (2009)
  • The Connection (2012)
  • F.E.A.R. (2015)
  • Crooked Teeth (2017)
  • Who Do You Trust? (2019)

Trivia änneren

  • D'Maskottche vun der Band ass eng Kakerlak. Dëst huet mam Numm vun der Band, Papa Roach als Uspillung op Cockroach, dat englescht Wuert fir Kakerlak, an och mat dem Cover vun Infest an dem Lidd Between Angels and Insects ze dinn.
  • Den Numm vum Plackelabel Onion Hardcore huet mat der Heemechtsstad vun der Band ze dinn an där vill Ënnen ugebaut ginn.
  • Zanter dem Album Getting Away with Murder trëtt de Sänger vun der Band ënner sengem richtegen Numm Jacoby Shaddix op, an net méi ënner sengem Spëtznumm Coby Dick.
  • Papa Roach huet bis elo véiermol zu Lëtzebuerg gespillt: 2009 um Rock-A-Field zu Réiser, am August 2010 an der Rockhal an am selwechte Joer nach eng Kéier an der Rockhal am Kader vum Rockstar Taste of Chaos. Um Lëtzebuerger Nationalfeierdag 2013 hu si e Concert am Atelier ginn.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Papa Roach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.songkick.com/concerts/16190579-papa-roach-at-den-atelier