Volbeat

dänesch Museksgrupp

Volbeat ass eng dänesch Museksgrupp, déi 2001 vum Michael Poulsen (Gesang a Gittar), Teddy Vang (Gittar), Anders Kjølholm (Bassgittar) a Jon Larsen (Batterie) gegrënnt gouf.

Beim Tuska Open Air Metal Festival, 2009

Zanterhier hu si 6 Studiosalbumen an ee Livealbum erausbruecht an de Gittarist dräimol gewiesselt, den Teddy Vang ass ee Joer no der Grënnung aus der Band gaangen a gouf vum Franz Gottschalk ersat. Wéi dësen 2006 d'Band verlooss huet, koum den Thomas Brehdal, dee bis den 28. November 2011 an der Band war. De Rob Caggiano (fréier Anthrax) ass dunn am Februar 2013 den neie Gittarist vun der Grupp ginn.

Déi véier Museker si bekannt fir hire Stil, dee sech aus Metal, Rock 'n' Roll, Country a Blues zesummesetzt. Si bezeechnen hir Musek selwer gär als Elvis-Metal a bezéie sech domat op den Elvis Presley.

Volbeat huet de 26. Juni 2011 um Rock-A-Field zu Réiser gespillt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Volbeat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren