Amnéville

franséisch Gemeng am Departement Moselle

Amnéville ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est. D'Uertschaft gouf am Joer 1075 fir d'éischt als Amerellivilla ernimmt.

Amnéville

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Rombas
Postcode 57360
Gemengecode 57019
Koordinaten 49° 15’ 41’’ N
      06° 08’ 33’’ O
Fläch  1.046 ha
Bevëlkerung  10.172 (2006)

D'Awunner vun Amnéville heeschen Amnévillois.

Amnéville läit net wäit vun der franséischer Autobunn A3 op hallwem Wee tëscht Metz an Diddenuewen.

Amnéville gëtt och nach Amnéville-les-Thermes genannt.

Geschichtleches änneren

Amnéville huet net ëmmer Amnéville geheescht. Dëst ass eréischt zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich sou. Amnéville dat am Ufank eng Uertschaft mat lauter Aarbechterhaiser (Kolonien) war, gouf virun 1914 ënner däitscher Herrschaft opgeriicht fir Wunnengen ze hu fir déi vill Aarbechter, déi aus allen Ecke wéinst der Stolindustrie dohi schaffen a wunne koumen.

Well d'Uertschaft enk mat der Stolproduktioun verbonne war, hat den däitsche Kanzler Bismarck sech et net huele gelooss fir den Numm ze bestëmmen an huet der Uertschaft den Numm Stahlheim ginn. Hie war och perséinlech bei der Aweiung vun den éischten Haiser op der Plaz.

Tourismus änneren

Amnéville ass als Touristen- an Thermaluertschaft bekannt. Zu Amnéville fanne mer ënner anerem:

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Amnéville – Biller, Videoen oder Audiodateien