Informatik

Wëssenschaft déi sech mat der systematescher Veraarbechtung vun Informatioun befaasst
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Informatik (engl.: computer science) ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mat der systematescher an automatescher Veraarbechtung, Duerstellung, Späicherung an Iwwerdroung vun Informatioun, besonnesch mat Hëllef vu Computeren, befaasst.

Python syntax

Se huet sech ënner anerem aus der Mathematik an der Elektrotechnik entwéckelt a gëtt zanter den 1960er Joren als selbststänneg Wëssenschaft ugesinn. Well an alle Richtunge vun der Wëssenschaft d'Duerstellung, Interpretatioun, Veraarbechtung an d'Produktioun vun Informatioun eng zentral Roll spillt, déngt d'Informatik als universell Hëllefswëssenschaft.

Deeldisziplinnen an der Informatik änneren

Traditionell deelt d'Informatik sech a follgend Beräicher op:

Theoreetesch Informatik änneren

D'Theoreetesch Informatik beschäftegt sech mat der Abstraktioun an der Konstruktioun vu Modeller an Zesummenhang mat Problemer, déi an iergendenger Weis mat Computeren ze dinn hunn. Si ass d'mathematesch Basis vun der Informatik an domat och déi eelst Deeldisziplin. Si ënnerdeelt sech ënner anerem an:

Praktesch Informatik änneren

D'Praktesch Informatik befaasst sech mat de Softwaregrondlage vun der Informatik. Si gëtt dacks als de Kär vun der Informatik ugesinn, obwuel et am amerikanesche Sproochgebrauch kee richtegen Numm fir se gëtt. Zu hir zielen zum Beispill:

Technesch Informatik änneren

D'Technesch Informatik befaasst sech mat den Hardwaregrondlage vun der Informatik. Hir Wuerzele leien an der Elektrotechnik an an der Logik. De Mëttelpunkt vun der Technescher Informatik läit awer virun allem an der Kombinatioun vun den eenzele Bauelementer, soudatt se funktiounsfäeg Computeren erginn. Zu hir ginn ënner anerem gezielt:

Applizéiert Informatik änneren

D'applizéiert Informatik beschäftegt sech mat den Uwennungsméiglechkeete vu Computeren an allen anere Beräicher vun der Wëssenschaft.

Entwécklung an der Informatik änneren

Pionéier an der Informatik änneren

Referenzen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Informatik – Biller, Videoen oder Audiodateien