CR104
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Nouspelt
op d'Simmerschmelz
Laf an Uschlëss
Nouspelt CR 103A CR 104A
Olmesbur CR 189
Simmerschmelz Äisch
CR 105

Den CR104 ass e Chemin repris am Kanton Capellen

Den CR104 huet säin Ufank zu Nouspelt op der Kräizung mat dem CR103A an CR104A bei der Kierch.

Vun do aus féiert en no Norden iwwer de Plateau vun der Scheierheck wou seng héchst Plaz op enger Héicht vun 361 m ass. Duerno geet et de Bierg af duerch eng Griecht am Bësch mam Numm Bréibierg.

Um Olmesbur wou en Uschloss un den CR189 huet, dréint en an enger 180° Kéier an Direktioun Simmerschmelz, wou en dann, nodeem en iwwer d'Äisch ewech ass, op der Kräizung mat dem CR105 säin Enn huet.

Zoustänneg fir den Ënnerhalt vum Wee ass de Regionalservice vun der Cap, vun der Bauverwaltung.

Den CR104 ass ronn 4.650 m laang.

Um Spaweck änneren

Commons: CR104 – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Den CR104 op der Simmerschmelz.