Shoah-Monument zu Miedernach

Monument zu Miedernach

D'Shoah-Monument steet an der Suewelbuerer Strooss zu Miedernach, op där Plaz wou dat fréiert jiddescht Gebietshaus, déi sougenannt Synagog stoung. Et erënnert un déi fréier Miedernacher jiddesch Communautéit, déi ënnert der Naziherrschaft integral ëmbruecht gouf. D'Monument gouf den 9. November 1958 ageweit[1] an 2021 koumen nach e puer Elementer bäi.

Shoah-Monument zu Miedernach
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ärenzdallgemeng
Plaz Miedernach
Koordinaten 49°48'39,82"N, 6°13'5,09"O
Ageweit 1958
Zu Éiere vun Holocaust

D'Monument

änneren

An der Suewelbuerer Strooss féieren e puer Träppleken tëscht den Haiser 44 a 44a op eng kleng Plaz, wou d'Monument steet. Et besteet aus enger trapezfërmeger Plack déi un enger Hastengsmauer ugemaach ass. Riets dernieft hänkt eng Plack op där de Gaston Herz d'Nimm an d'Donnéeë vun de siwe Familljememberen opgeschriwwen huet, déi vun den Nazien ëmbruecht goufen.

Bei der Aweiung huet de Groussrabbiner Emmanuel Bulz a senger Usprooch op den 9. November 1938 mat den Novemberpogromer verwisen an d'Wichtegkeet net ze vergiessen ervirgestrach: "Vergessen wäre wie ein Leichentuch des Schweigens"[2]

Op der lénker Säit hänkt eng bronze Plack „Zakhor!“, dem hebräeschen Imperativ fir „Erënner dech”[3] an drënner steet eng bronze Wallis op der Mauer. Et ass eng Reproduktioun vun enger Wallis an déi d'Judden déi deportéiert goufen hir Siwesaache gepaakt hunn. D'Wallis ass e Wierk vum Däitsche Ralf Kotschka.

D'Plack an d'Wallis goufen zesumme mat engem Informatiounspanneau de 24. Oktober 2021 a Presenz vum Chamberpresident Fernand Etgen, dem Buergermeeschter André Kirschten an dem Marc Schoentgen vum Comité Auschwitz ageweit.

An der Nuecht vum 12.op den 13. Oktober 2024 gouf um Monument d'Wuert "israélite" mat rouder Faarf iwwermoolt. D'Shoah-Gedenkorganisatiounen hunn dësen Akt vu Vandalismus als en "oppenen Antisemitismus verurteelt.[4]

Geschicht vun de Judden zu Miedernach[5]

änneren
 
Fréier „Synagog“ zu Miedernach

Déi éischt jiddesch Familljen hu sech 1845 zu Miedernach néiergelooss, nieft anere Familljen déi zu Chrëschtnech a Waldbëlleg gewunnt hunn. 1850 koum dat éischt vun 8 jiddesche Kanner vun der Famill Herz op d'Welt. Wann se am Ufank nach jiddesch Virnimm haten, gouf dës Traditioun lues a lues opginn. 1860 hunn eng 25 Judden zu Miedernach gewunnt. Dës Zuel ass bis an 1930er Jore konstant bliwwen. Déi meescht vun hinnen hunn als Véihändler geschafft. Si haten enk Relatioune mat de Judde vun Ettelbréck, enger Stad déi sengerzäit mat der Synagog, der jiddescher Schoul an dem israeelesche Kierfecht de jiddeschen Zentrum vun der Regioun war.

Vun 1875 un hunn all d'Miedernacher Judden déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl an 1882 gouf en Haus an der Suewelbuerer Strooss kaaft, dat als Gebietshaus, der sougenannter Synagog funktionéiert huet. Och Judden aus Waldbëlleg sinn an dës Synagog komm. Zënter der allgemenger Schoulflicht 1881 si jiddesch a chrëschtlech Kanner zesummen an d'Schoul gaangen.

Den Norbert Kahn war 1930 Grënnungsmember a Vizepresident vun der Miedernacher Fanfare. 1930 huet déi jiddesch Communautéit och un den Feierlechkeete vun der honnertjäreger Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg deelgeholl.

Mam Ufank vum Zweete Weltkrich goufe vum Nazi-Besatzer déi éischt antisemittesch Moossname getraff: déi jiddesch Kanner duerften net méi an d'Schoul, déi Erwuessen hunn net méi dierfte schaffe goen. 1940 huet de Lippman Herz seng Epicerie missen zoumaachen. Zu deem Ament hunn 33 Judden zu Miedernach gewunnt. De 16. Oktober 1941 goufe mat der 1. Deportatioun 323 Judde vu Lëtzebuerg – dorënner der 18 vu Miedernach – an de Ghetto op Litzmannstadt (Lodz) deportéiert. Se sinn duerno alleguer am Vernichtungslager Chelmno oder am Konzentratiounslager Auschwitz ëm d'Liewe komm. Den 28. Juli 1942 goufen déi lescht 18 Membere vun der Miedernacher jiddescher Communautéit an d'KZ Theresienstadt verschleeft; se goufen alleguer wärend dem Holocaust ëmbruecht.[6]

D'Gebietshaus ass nom Krich ofgerappt ginn an 1958 gouf als Erënnerung op där Plaz d'Shoah-Monument opgeriicht.

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Shoah-Monument zu Miedernach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Enthüllung eines Gedenksteins für die israelitischen Opfer des Naziterrors In Medernach.. Luxemburger Wort, 111. Jg., n° 316, S. 6. (12.11.1958). Gekuckt de(n) 24.10.2024.
  2. Usprooch vum Emmanuel Bulz:"Der heutige Tag ist der 20. Jahrestag eines anderen elften November, der eine traurige Berühmtheit erlangt hat. An jenem 9. November 1938 wurden in Deutschland hunderte von Synagogen eingeäschert, vor den Augen eines indifferenten Volkes. Zuerst verbrannte man Bücher; dann Synagogen, dann Menschen. Zuerst verbrannte man Juden, dann andere Menschen. Für die jüdische Gemeinschaft sind Wunden geblieben, die kaum vernarben. In Medernach wurden zwölf Familien ausgetilgt. Das ist ein kleiner Teil an der unermesslichen Zahl von 6 Millionen Männer und Frauen, die für eine heidnische Zivilisation geopfert wurden. Es handelte sich jedoch nicht nur um das Leben der Millionen Geopferter, es sind auch verloren gegangen: Hoffnungen und geistige Schätze. Nicht allein in Medernach. Vergessen wir nicht. Vergessen wäre wie ein Leichentuch des Schweigens, ausgebreitet zum Vorteil jener, die diese Verbrechen begangen haben, zum Vorteil jener Ungeheuer, die das menschliche Geschlecht entmenschlicht haben. Dieses Nichtvergessen soll nicht geschehen in einem Geist der Rache. Die Bibel erinnert daran, dass das Böse im Menschen wohnt, von wo man es ausreißen muss, daher muss man dieses Böse stets eingedenk sein.", Bodo Bost, "Das Denkmal in Medernach, Oberrabiner Emmanuel Bulz hat es am 9. November 1958 eingeweiht. es war eines der ersten Denkmäler für jüdische Opfer in Luxemburg.", Die Warte, 28|2806, S.8, Luxemburger Wort, 24.10.2024
  3. (de)„Zakhor“ / Das Elend der Welt in einem Koffer: In Medernach ist die Shoah-Gedenkstätte offiziell enthüllt worden. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 05.12.2021.
  4. Mike Stebens, Antisemitismus, Die Geschichte hinter dem jüdischen Denkmal in Medernach. Die Bedeutung des Übergriffs auf das Denkmal wird umso deutlicher, je mehr man sich mit der Vergangenheit beschäftigt. Ein Blick zurück.. wort.lu [€] (18.10.2024); "Die Juden in Medernach: Von der Integration bis zur Deportation. Die Bedeutung des Übergriffs auf das jüdische Denkmal wird umso deutlicher, je mehr man sich mit der Geschichte beschäftigt." Luxemburger Wort, 19./20. 10 2024, S. 14-15. Gekuckt de(n) 19.10.2024.
  5. Quell: Informatiounspanneau beim Monument
  6. De Gaston Herz erzielt an engem Podcast seng emouvant Familljegeschicht zu Lëtzebuerg, déi am Duerf Miedernach ufänkt.