Waldbëlleg

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Waldbëlleg

Waldbëlleg (lokal: Bëlleg[1]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Iechternach an Haaptuert vun der Gemeng Waldbëlleg.

Waldbëlleg
Bëlleg
D'Gemengenhaus vu Waldbëlleg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Waldbillig
de: Waldbillig
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Waldbëlleg
Buergermeeschter Andrée Henx-Greischer
Awunner 566
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 323 m
Koordinaten 49° 47’ 47’’ N
      06° 17’ 03’’ O
Kierch vu Waldbëlleg

Geographie änneren

Geographesch gesi läit Waldbëlleg am Zentrum vun der Gemeng. Hei fanne mer d'Gemengenhaus, d'Zentralschoul mat enger Sportshal mat internationalen Normen.

D'Gemengenhaus ass an engem Gebai aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert a charakteriséiert sech duerch seng grouss Fënsteren déi mat rouden Zille agerummt sinn. Déi grouss Fënsteren hunn hir Ursaach dodran datt dëst Gebai als Sportshal gebaut gouf (déi éischt am Land).

Waldbëlleg mat senge klenge Stroossen ass een Duerf, an deem de ländleche Stil nach bal komplett erhale blouf.

D'Uertschaft ass no Osten a Südoste vu Bëscher agegrenzt an déi aner Richtungen ass fräie Flouer.

Waldbëlleg ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR128 dee vu Chrëschtnech kënnt an op Haler weiderleeft, den CR356 deen an de Mëllerdall geet an ee Vizinalwee dee laanscht de Kelleschhaff an de Säitert Verbindung mam CR358 (vu Suewelbuer op Haler) huet.

Duerch Waldbëlleg leeft d'Bëlleger Baach.

Bekannt Persoune vu Waldbëlleg änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Waldbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.