Déi fréier Synagog vun Ettelbréck steet op der Nr. 20 Rue de Warken, op der Kräizung mat der Rue de la Synagogue zu Ettelbréck.

Synagog Ettelbréck
Adress 20, rue de Warken, Ettelbréck
Koordinaten 49° 50’ 52.1’’ N
      06° 05’ 52.4’’ O
Datum vum Bau 1870
Proprietär Gemeng Ettelbréck

Déi Ettelbrécker Synagog gouf 2018 vun der Gemeng iwwerholl, nodeems se als klasséiert Monument unerkannt gouf[1].

Déi Ettelbrécker Gemeinschaft änneren

Mëtt vum 19. Joerhonnert konnt déi jiddesch Gemeinschaft vun Ettelbréck, déi bis dohin un d'Gemeinschaft an der Stad ugeschloss war, duerch e Regierungsbeschloss eng gewëssen Autonomie entwéckelen a mam Bau vun enger eegener Synagog an engem Kierfecht ufänken. 1868 hat déi jiddesch Gemeinschaft vun Ettelbréck eng 102 Persounen. Am Joer 1880 hunn 12 jiddesch Familljen zu Ettelbréck an Ëmgéigend (Consdorf, Dikrech, Iewerleng, Groussbus, Medernach a Waldbëlleg) gewunnt, bis virum Zweete Weltkrich waren et 43 Familljen.

Den Duchfabrikant Jules Godchaux war vun 1873-1878 Member vum Ettelbrécker Gemengerot. Zesumme mam Joseph Cahen, deen déi jiddesch Gemeinschaft vun 1866-1895 geleet huet, waren si déi zwou bedeitend jiddesch Perséinlechkeete vun Ettelbréck.

De 17. Mäerz 1865 huet de Joseph Cahen en 8 Ar grousse Gaart "am Eker" fir de Präis vun 1200 Frang kaaft. Mat engem staatleche Subsid vun 9.850 Frang konnt de Bau vun der Synagog ugefaange ginn. Den 23. Dezember 1870 konnt déi nei Synagog "am Eker" feierlech vum Rabbiner Michel Sopher aus der Stad ageweit ginn. Déi jiddesch Gemeinschaft gouf vum Joseph Cahen, Joseph Mayer a Clément Israel geleet.

Mam Bau vun der Synagog gouf och gläichzäiteg eng Mikwe gebaut, e rituellt Dauchbad, dat an de Buedem agebaut an 2,55 Meter laang, 1,15 Meter breet an 0,65 Meter déif ass. D'Mikwe gläicht enger an zwee gedeelte Buedbidden mat 7 Träppleken an der Mëtt. De klenge Baseng war wuel, ewéi virgeschriwwen, mat "liewegen" Waasser gefëllt, also mat fléissendem Waasser, dat aus enger Quell, aus Grond- oder Reewaasser koum an dann iwwer d'Träppleke an de grousse Baseng gefloss ass. Bei d'Mikwe koum een net aus der Synagog, mä vu baussen duerch eng Säitendir. D'Existenz vun der Mikwe gouf eréischt 2021 nogewisen.[2]

E jiddesche Kierfecht änneren

 
Den Ettelbrécker jiddesche Kierfecht

Den 18. Juni 1881 huet den Ettelbrécker Gemengerot den Accord gi fir e Kierfecht an der Ditgesbaach ze bauen a mat engem Subsid vun 900 Frang ënnerstëtzt. Den 11. Juni 1882 gouf den Auguste Levy, den 8 Joer ale Jong vum Feis Levy an der Rosine Kahn do begruewen. Den 12. November 1895 gouf de Joseph Cahen um Ettelbécker Kierfecht begruewen. 2005 ass d'Yvonne Moïse als lescht do begruewe ginn. Am Ganze goufen 199 Persounen um jiddesche Kierfecht begruewen.

Eng jiddesch Schoul änneren

 
Déi al jiddesch Schoul op der Nr 22 Rue de Warken

Am Joer 1890 huet de Gemengerot de Bau vun enger jiddescher Schoul mat engem Subsid vun 250 Frang ënnerstëtzt. De Schoulmeeschter Jacob Aaron Besslinger, deen och fir de Reliounsunterrecht zoustänneg war, ass 1889 gestuerwen an huet säi ganzt Verméigen der Gemeinschaft vermaach. Mat deene Sue konnt dunn 1890 déi jiddesch Schoul mat enger Wunneng fir de Schoulmeeschter niewent der Synagog gebaut ginn.

Zanter 1940 änneren

Am Dezember 1940 goufe jiddesch Haiser mat Faarf beschmiert, Geschäfter mat der Opschrëft "Jude" zougepecht. D'Synagog gouf zougemaach an d'Menora futti geschloen. D'Tora, déi den Isaac Cahen 1850 op eege Käschten zu Frankfurt kaaft huet an der Ettelbrécker Gemeinschaft geschenkt huet, konnt zu Groussbus an enger Haascht verstoppt ginn.

Nom Krich koumen nach just 9 Familljen zeréck op Ettelbréck. 1962 war mat der Bar Mizwa vum Roger Kann déi lescht reliéis Feier an der Synagog. De Consistoire huet se dunn engem Teppechhändler an duerno der Gemeng verlount, ier déi se 2018 fir e symboleschen Euro kaaft huet.

De 6. Dezember 2017 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[3]

Literatur änneren

  • Arlette Schmit, Historische Fragmente mit Fragezeichen, Die Ettelbrücker Synagoge gibt langsam ihre Geheimnisse preis - Erste Pläne zur Restaurierung liegen vor., Luxemburger Wort, 9. Februar 2021, S. 25
  • John Laberty, Wahren, wirken, würdigen. In Ettelbrück soll die alte Synagoge wieder zu einem Ort des Dialogs und der Einnerung an das jüdische Leben werden, Luxemburger Wort, 6. Oktober 2020, S. 28; Ettelbrück: Neuer Glanz für jüdisches Erbe, op wort.lu, gelies, de 5. November 2020
  • Will Dondelinger, Arthur Muller, Zeugnisse jüdischen Lebens, Jüdische Bevöélkerung in Ettelbrück, Zum Gedenken an eine einst blühende Religionsgemeinschaft, überarbeitet und erweitert von Romain Dockendorf und Théo Krier, A.s.b.l Al Synogag Ettelbréck, 164 S., digital op ISSU, gelies de 5. November 2020

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Schmit Arlette, Die Wiederentdeckung des Davidsterns. Mit der Klassierung der alten Synagoge als nationales Denkmal wird in Ettlbrück ein Stück jüdische Geschichte bewahrt., Luxemburger Wort, 22. 1. 2018, S. 31
  2. Jüdische Tradition in Luxemburg, Spektakulärer Fund in Synagoge op wort.lu; Spektakulärer Fund, In der Synagoge von Ettelbrück ist ein 150 Jahre altes Tauchbecken ausgegraben worden, Luxemburger Wort, 7. Juli 2021, S. 22
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).