E Frelleweier ass e kënschtlech ugeluechte Weier, an deem d'Frellen opgezillt ginn an duerno erëm erausgeholl gi fir ze verkafen, sief et fir de Liewensmëttelhandel, oder fir a Baachen auszesetzen. De Weier u sech selwer ass awer nëmmen d'Endphas vun der Frellenzuucht. En ënnerscheet sech vun anere Fëschweieren duerch seng längelzeg Form.

Frelleweieren zu Aldudes.

D'Längt an d'Breet vum Weier mussen op de Wasserzoufloss ofgestëmmt sinn, an zwar sou, datt eng gutt Duerchstréimung vum Weier garantéiert ass. Eng Stréimungsvitesse vun 1 m/s, wat dem Wäert vun enger Frellebaach an der Natur entsprécht, ass nëmmen z'erreeche wann de Weier sou vill wéi méiglech enger Baach gläicht.

D'Stréimung ass wichteg fir datt d'Frell sech am Weier scho sou muss behuelen, wéi wa s'an enger Baach géif schwammen, fir datt s'eng staark Muskulatur opbaue kann, déi hir et méiglech mécht, sech sou séier wéi méiglech, no dem Aussetzen an eng natierlech Baach, un déi nei Situatioun unzepassen. Fir den Handel garantéiert et eng Produktioun vun engem feste Fleesch.

Dat gëtt zanter de 70er Joren duerch de Bau vu Kanäl erméiglecht déi zwar ausbetonéiert sinn, soss awer sou gutt wéi méiglech d'Charakteristike vun enger Baach hunn. D'Iddi dovun ass zwar méi al, Millegrief déi nodeem d'Millen net méi geschafft huet goufen dacks als Weier, oder als als Zoulaf vu méi Weiere benotzt. Op en ettleche Plaze goufe sou Weieren och scho fréier, ganz einfach am Bett vun enger Baach oder engem Floss ugeluecht.

Wa sou e Bau net méiglech ass, meeschtens well et un der néideger Plaz feelt, aus wirtschaftleche Grënn, oder wéinst dem Waasserrecht, musse beim Bau Mindestkritere mat agerechent ginn. Temperatur vum Waasser am Weier soll wa méiglech ëmmer déi selwecht sinn, ideal sinn ëm déi 10° Celsius an de Sauertoffgehalt däerf net ze déif falen. Dëst ass nëmme méiglech wann d'Waasser sech am Laf vum Dag dacks genuch erneiert. E Minimum ass dräimol. Frelleweieren däerfen dofir och net hannereneen ugeluecht ginn, well all Weier wéinst der Temperatur op dat frëscht Waasser aus der Baach ugewisen ass.

E gutt Beispill dofir sinn d'Fëschweieren zu Fëschbech op der Schmëdd.

D'Gréisst vum Weier hänkt haaptsächlech vum Waasserzoufloss of. Dësen ass besonnesch wichteg an der waarmer Joreszäit, wa mat vill Verdonstung ze rechnen ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Frelleweieren – Biller, Videoen oder Audiodateien