Schabloun:WDS 21. November
- ... den Ausdrock "op Mechele goen" (fir "déi lescht Trompkaart auszespillen") op de Grousse Rot vu Mechelen zeréckgeet, déi iewescht Geriichtsinstanz an de Burgundeschen, Spueneschen an Éisträicheschen Nidderlanden?
- ... e Lëtzebuerger den éischte President vun der Assemblée parlementaire de la Francophonie war, enger Organisatioun déi sech aus franséischsproochegen, interparlamentaresche Regierungen oder Organisatiounen zesummesetzt?
- ... d'Olympesch Spiller vun 1916 engersäits an 1940 an 1944 op där anerer, wéinst dem Éischten, resp. dem Zweete Weltkrich annuléiert goufen?
- ... vun der Prinzessin vu Schengen just nach Zänn iwreg sinn?
- ... de Fändel vum Afghanistan am Laf vum 20. Joerhonnert eng 20-mol geännert gouf?