S2, och S0-2[1], ass e Stär am Galakteschen Zentrum. Hien ass op enger Ëmlafbunn ëm d'Radioquell Sagittarius A* a leeft a 16,05 Joer eemol ëm dës Quell. De Stär huet dobäi eng Vitess vu bis zu 27 Millioune Kilometer pro Stonn (ca. 2,55 % vun der Liichtvitess) a kënnt bis op 17 Liichtstonnen un den Sagittarius A* erun.[2] Dat ass den 2,5 fache mëttleren Ofstand vun der Sonn an dem Pluto.

S2
Orbit vun S2 ëm de Sagittarius A*
Stärebild: Sagittarius Sgr
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 17h 45m 40s 17/45/40
Deklinatioun - 29° 00' 28"
visuell Magnitude ? mag
border="0" | Spektralklass: B1 V
verännerleche Stärtyp
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Parallax ? mas
Distanz 26500 Lj
Absolut Hellegkeet ? mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 15 M☉
Radius: 14 R☉
Uewerflächentemperatur ? K
Aner Bezeechnungen
Katalogen [CRG2004] 13, [EG97] S2, [
PGM2006]E1, [GPE2000] 0.15, [
SOG2003] 1

S2 ass deen éischte bekannte Stär, deem seng Ëmlafbunn ëm e supermasseräicht Schwaarzt Lach (ëm esou eent handelt et sech bei Sagittarius A* mat u Sécherheet grenzender Warscheinlechkeet) tatsächlech vermooss konnt ginn. Fir allerdéngs vum Schwarze Lach (mat enger Mass vu 4,1 Milliounen Sonnemassen) zerrappt a geschléckt ze ginn, misst hie sech dësem bis op eng Distanz vun ongeféier 16 Liichtminutten erukommen. No den aktuellen Observatioune wäert dat net an nächster Zäit geschéien.

Am Joer 2012 gouf de Stär S0-102 entdeckt, dee mat 11,5 Joer eng nach méi kuerz Ëmlafzäit ëm de Sagittarius A* huet.[1]

Am Fréijoer 2018 hat S2 déi klengst Distanz zum Schwaarze Loch, een Abléck, op deen d'Astronome 16 Joer laang gewaart haten.[3] Et gëtt erwaart, datt och an deene staarke Gravitatiounsfelder besonnesch opfälleg klassesch Prognose vun der Allgemenger Relativitéitstheorie (gravitativ Routverrécklung, Periheldréiung) getestet könne ginn, inklusiv Tester vun Alternativen, wéi d'pseudo-komplex Gravitatiounstheorie vum Walter Greiner a Peter O. Hess, wéi och speziell Phenomeener fir Schwaarz Lächer no beim Ereegneshorizont (z. B. Lense-Thirring-Effet wéinst der Matféierung vun der Raumzäit ëm e rotéierend Schwaarzt Lach). Ausserdeem erhofft ee sech Erkenntnesser iwwer astrophysikalesch Phenomeener wéi d'Bildung an d'Dynamik vun Akkretiounsscheiwen (Jets, Wanden) an Aussoen dariwwer, ob kleng Schwaarz Lächer an der Ëmgéigend vum supermassive Schwaarze Lach existéieren. Observatiounsprogrammer existéieren ënner anerem um Keck-Observatoire an um Paranal-Observatoire (VLTI, Verly Large Telescope Interferometer), beim leschtem d'Konsortium GRAVITY ënner Leedung vum Frank Eisenhauer.[4] Am Juli 2018 hat d'Gravity Konsortium bekannt gemaach, datt si eng gravitativ Routverrécklung a gudder Iwwereneestëmmung mat der allgemenger Relativitéitstheorie nogewisen hunn.[5] De kombinéierten Effet aus gravitativer Routverrécklung a relativisteschem Dopplereffekt war =200 km/s/c. Et erwaart een och an nächster Zukunft d'Observatioun vun engem weideren allgemeng-relativisteschen Effet (Apsidendréiung vun der Ëmlafbunn).

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Markus Schmalzl: Wettrennen rund um Sgr A*: Pole Position für S0-102. In: Sterne und Weltraum Nr. 2, 2013, S. 24–25.
  2. Nature 419, 694–696 (17. Oktober 2002) | doi:10.1038/nature01121; A star in a 15.2-year orbit around the supermassive black hole at the centre of the Milky Way
  3. Jay Bennett, Einstein’s Theory of Gravity Is About to Get a Test From a Star Passing by Supermassive Black Hole. In: Popular Mechanics, 1. Mäerz 2018, zu Observatiounen um Keck Observatoire.
  4. Gravity, ESO
  5. Gravity Collaboration, R. Abuter u. a.: Detection of the gravitational redshift in the orbit of the star S2 near the Galactic centre massive black hole. In: Astronomy & Astrophysics, Band 615, 2018, L 15, Abstract