S/2003 J 4
Den S/2003 J 4 ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 4 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.257.920 km |
Periapsis | 18.513.304 km |
Apoapsis | 28.002.536 km |
Exzentrizitéit | 0,204 |
Ëmlafzäit | 723,2 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,34 km/s |
Inklinatioun | 144,9° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23 |
Entdeckung | |
Entdecker | Universitéit vun Hawaii |
Entdeckungsdatum | 5. Februar 2003 |
Entdeckung
ännerenDen S/2003 J 4 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit Hawaii entdeckt. De Mound huet nach keen offiziellen Numm. Bei de Jupitermounden sinn et an der Reegel weiblech Gestalten aus der griichescher Mythologie. Den Numm gëtt normalerweis vun der I.A.U. festgehalen. Am Ament gëtt de Mound mat der Nummer S/2003 J 4 bezeechent.
Bunndaten
ännerenDen S/2003 J 3 kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 23.930.000 km an 755 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3618. Mat enger Bunnschréi vun 149,581° ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den S/2003 J 4 zu der Pasiphae -Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.
Physikalesch Daten
ännerenDen S/2003 J 4 huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus silikateschem Gestengs. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestralten Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.