D'Schlass Vogelsanck ass eent vun de bemierkenswäerte belsche Schlässer. Et steet an der Gemeng Heusden-Zolder an der Provënz Limburg.

D'Schlass Vogelsanck

Den eelsten Deel sinn d'Fëllementer vum Schlasstuerm deen a brongem Sandstee gebaut war. Den Tuerm gouf am Mëttelalter ëm d'Joer 1000 gebaut.

Den impressionantsten Deel vum Schlass gouf am regionale Renaissancestil 1637 vum Ferdinand, Grof vun Innhausen a vu Knupshausen, Barong vu Vogelsanck, an Här vun Zolder gebaut.

Déi gotesch Kapell vu 1445 déi hanner dem Tuerm steet gouf mat an déi deemoleg Konstruktioun mat abezunn.

Den zweeten Deel ass en Neibau vun 1875 am neien Tudor-Stil. Am groussen Trapenhaus ass eng Fënster am neo-gotesche Stil. Dësen Deel gouf op Uerder vun der Fra vum Baron de Villenfagne der Lady Camille Preston of the Lords of Gormanstone, déi aus Irland koum, gebaut.

D'Seigneurerie Vogelsanck déi aus den Dierfer Zolder, Zonhofen, Houthalen, Heusden, Genk, Peer, an engem Deel vun Hasselt bestanen huet, gouf vun do aus regéiert.

A senger méi wéi dausendjähreger Geschicht gouf d'Schlass nëmmen eng Kéier weiderverkaaft, an zwar de 27. Juni 1741, wéi de portugisesche Grof Jean-Guillaume de Souza-Pacheco, d'Schlass dem Barong Gilles Lambert de Villenfagne verklappt huet.

Haut ass d'Schlass nach ëmmer Besëtz a Residenz vum Barong de Villenfagne de Vogelsanck et du Saint-Empire, a senger Famill.