Robert Klein

lëtzebuergesche Moler

De Robert Klein, gebuer den 22. Juni 1955 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche fräischaffende Moler.

Robert Klein
Gebuer 22. Juni 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Tëscht 1969 an 1972 huet hie beim Jean-Pierre Calteux a beim Jean Goedert am haitege Lycée des arts et métiers geléiert. Vun 1969 bis 1976 huet en am Atelier vu sengem Papp, dem Nicolas Klein, deem seng Aarbechten am Groussherzogleche Palais, am Schlass vu Senneng an a ville Privathaiser ze gesi sinn, Polychromie geléiert.

Duerno krut de Robert Klein eng Bourse vum Lëtzebuerger Kulturministère fir en Openthalt vun dräi Méint an der Cité Internationale des Arts zu Paräis.

Zanter 1981 ass de Robert Klein fräischaffende Kënschtler. Hie lieft zu Bilschdref, wou en och säin Atelier huet.

Aarbechten änneren

An der Kierch zu Ueschdref war et de Robert Klein, deen den Optrag krut, fir dem Nicolas Brücher seng Wandmolereien vun 1942 an de Säitennischen an um Chouerbou nees fräizeleeën. Déi Freskemolereie waren an den 1970er Jore mat villen anere vun iwweräifrege "Billerstiermer" iwwermole gelooss ginn.[1]

Ausstellungen änneren

Eenzelaustellungen zu Lëtzebuerg, Paräis an zu Eindhoven.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Kulturkommisioun Gemeng Rammerech. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2012-09-01.