Kierch Rippweiler

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Rippweiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.

Kierch vu Rippweiler
Filialkierch vu Rippweiler (2014)

Filialkierch vu Rippweiler (2014)
Filialkierch vu Rippweiler (2014)
Uertschaft / Plaz Rippweiler
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Baujoer 1852[1]
Koordinaten 49° 45’ 06.0’’ N
      05° 57’ 24.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

Se steet am ëstlechen Agank vun der Uertschaft op der Haaptstrooss, der N24.

Zur fréierer Par Useldeng gehéiert ausser der Filialkierch vu Rippweiler och nach d'Parkierch vun Useldeng.

D'Kierch vu bannen änneren

D'Kierch vu Rippweiler gouf Enn der 1960er Joren ënnert der Leedung vum Architekt Jos. Conrad nei renovéiert. D'Aweiung war den 11. Oktober 1970 a Presenz vum Bëschof Mgr. Jean Hengen[2].

Zanterhier steet an der Mëtt vum Chouer ee modernen Altor.

D'Säitenaltär lénks a riets si méi al. Op der lénkser Säit steet een Altor deen der Muttergottes geweit ass; iwwert seng Originnen ass leider näischt gewosst. Den Altor op der rietser Säit ass dem hellege Joseph geweit. E staamt aus dem Ierpeldenger Schlass a koum Enn des 19. Joerhonnert op Rippweiler wéi den Théodore Hartmann Kaploun am Duerf war[3].

Uganks der 1960er gouf eng Sakristei un d'Kierch ugebaut. Deen Ament gouf och de Buedem an der Kierch erneiert, eng Heizung agebaut an d'Maueren nei ugestrach[4].

Onofhängegkeetsmonument änneren

Op der lénkser Säit nieft der Entrée vun der Kierch steet e Monument an der Form vum Lëtzebuerger Land, dat 1939 opgeriicht gouf fir un d'100-järeg Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg z'erënneren.

Um ieweschten Deel vum Steen gesäit een de Wope vu Lëtzebuerg mam Roude Léiw, drënner steet a grousse Buschtawen LETZEBURG FREI 1839-1939.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Rippweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Relevé des subsides accordés successivement, par différents arrêtés Royaux Grand-Ducaux, en 1852, à diverses communes du Grand-Duché [...].
  2. Einsegnung der restaurierten Kirche in Rippweiler. Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 288 (15.10.1970), p. 6..
  3. Den Théodore Hartmann war vun 1887 bis 1892 Kaploun zu Rippweiler. Spéiderhi war hien Dechen zu Miersch. Domkapitular Dechant Th. Hartmann †. Luxemburger Wort, 1924. Jg., nº 87 (27.03.1924), p. 2..
  4. Useldingen - Öffentliche Arbeiten. Luxemburger Wort, 115. Jg., n° 356/357 (22.12.1962), p. 10..