Giorgia Moll

italieenesch Schauspillerin

D'Giorgia Moll, gebuer de 14. Januar 1938 zu Roum (offiziell Quelle behaapte si wär zu Prata di Pordenone an der Regioun Friul-Julesch Venetien gebuer), ass eng italieenesch Schauspillerin. A verschiddene Filmer gëtt si ënner Georgia Moll oder Georgia Mool gefouert.

Giorgia Moll
Giorgia Moll 1960.jpg
Gebuer 14. Januar 1938
Prata di Pordenone
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Sänger, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Giorgia Moll war vrun allem an de 50er a 60er Joren als Schauspillerin bekannt, an duerno och a villen Tëleesreklammen, an de 70er Joren hat si eng kuerz Karriär als Sängerin. 1972 war si um Cover vun der erotescher Zäitschrëft Playmen (den italieenesche Pendant zum Playboy).

Si huet a ville B-Movies matgemaach. De gréissten Erfolleg, deen hir dunn den Duerchbroch erlaabt huet, war The Quiet American mam Audie Murphy.

FilmographieÄnneren

 
D'Giorgia Moll mam Viktor Tourjansky am Film I cosacchi vun 1959.

Um SpaweckÄnneren