Regierung Dupong-Krier

Koalitiounsregierung

D'Regierung Dupong-Krier koum zu Lëtzebuerg de 5. November 1937 nom Récktrëtt vum Staatsminister Joseph Bech, wéinst dem Ausgang vum Referendum iwwer dat sou genanntent Maulkuerfgesetz, an d'Amt.

Et war eng grouss Koalitiounsregierung tëscht der Rietspartei an der Aarbechterpartei. Am Ufank waren och déi Liberal mat dobäi; den Étienne Schmit ass awer am Dezember 1937 gestuerwen. Doropshi koum et de 7. Februar 1938 zu enger Ëmbildung. De 6. Abrëll 1940 koum et zu enger weiderer Ëmbildung, wéi de Victor Bodson dem René Blum seng Portefeuillen iwwerholl huet.

Beim däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, konnten, bis op den Nicolas Margue, d'Regierungsmembere sech all iwwer d'Grenz an den Exil maachen.

Zesummesetzung änneren

Vum 5. November 1937 bis de 7. Februar 1938 änneren

  • Pierre Dupong (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (Rietspartei): Ausseminister, Minister fir Wäibau, Konschten a Wëssenschaften
  • Étienne Schmit (Liberal): Minister fir den Interieur, Handel, Industrie an Transport (+ 19. Dezember 1937)
  • Nicolas Margue (Rietspartei): Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft an de Kultus
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht
  • René Blum (Aarbechterpartei): Justiz- a Bauteminister

Vum 7. Februar 1938 bis de 6. Abrëll 1940 änneren

  • Pierre Dupong (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (Rietspartei): Ausseminister, Minister fir Wäibau, Konschten a Wëssenschaften an, ad interim fir den Interieur
  • Nicolas Margue (Rietspartei): Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft an de Kultus, an ad interim, Minister fir Handel, Industrie a Beruffer
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht
  • René Blum (Aarbechterpartei): Justiz- a Bauteminister, Minister fir Transport ad interim

Vum 6. Abrëll 1940 bis den 10. Mee 1940 änneren

  • Pierre Dupong (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (Rietspartei): Ausseminister, Minister fir Wäibau, Konschten a Wëssenschaften an, ad interim fir den Interieur
  • Nicolas Margue (Rietspartei): Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft an de Kultus, an ad interim, Minister fir Handel, Industrie a Beruffer
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
  • Victor Bodson (Aarbechterpartei): Justiz-, Bauten- an Transportminister

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren