Maulkuerfgesetz ass deen haut méi geleefegen Numm vun engem Lëtzebuerger Gesetz aus dem Joer 1937, dat offiziell (iwwersat) "Gesetz iwwer d'Verdeedegung vun der politescher a sozialer Uerdnung" housch an dofir och alt "Uerdnungsgesetz" genannt gouf. Den haut méi bekannte "Spëtznumm" krut et vu senge Géigner.

Dat Gesetz hätt et der Regierung sollen erméiglechen, d'kommunistesch Partei ze verbidden an och aner politesch Organisatiounen opzeléisen, déi hirer Meenung no eng Gefor fir d'konstitutionell Institutioune kéinten duerstellen. De Membere vun deene Parteien oder Organisatiounen, sollten hir politesch Mandater oferkannt ginn, se däerften dann och weeder beim Staat, nach bei de Gemengen eng Aarbecht kréien.[1]

D'Gesetz gouf de 6. Juni 1937 an engem Referendum verworf, an ass dofir net a Kraaft getrueden.

D'Maulkuerfgesetz gëtt vun Historiker als Lieu de mémoire vu Lëtzebuerg ugesinn[2]. Als Erënnerung, ass an der Stad eng Plaz nom Datum vum Referendum genannt ginn: Plaz vum 6. Juni 1937.

Historeschen Aspekt änneren

D'Ufäng vum "Projet de loi pour la défense de l'ordre politique et social", deen no sengem Bedreiwer, dem deemolege Premier Joseph Bech, och "Loi Bech" genannt gouf, gi bis an d'Joer 1934 zeréck. D'Regierung, eng Koalitioun vun der Rietspartei an der Radikal-Liberaler Partei, huet de Projet den 2. Mee 1935 an der Chamber deposéiert. Dunn ass mol laang Zäit, bis Enn Dezember 1936, no baussen hin net vill geschitt.[1]

D'Parteien, op déi d'Regierung Bech sech gestäipt huet, also d'Rietspartei an déi Liberal, waren dofir, d'Oppositioun, ë. a. d'Sozialisten an aner Lénksparteien, dogéint. Et hat bal 3 Joer gedauert, bis den Text vun dësem Gesetz stoung. Fir ze verstoen, wéi et iwwerhaapt dozou komme konnt, datt eng Partei, déi bei de Chamberswale just 9 % vun de Stëmmen, dovun en ettlech Protestwieler, kritt hat, als eng sou grouss Gefor ugesi gouf, datt se verbuede misst ginn, muss een de politesche Kontext vun där Zäit kucken. Besonnesch fir déi Chrëschtlech-konservativ war de Kommunismus Ausdrock vun allem Béise schlechthin, an déi Liberal, als Vertrieder vun der Industrie an der Geschäftswelt, hu sech hir Zukunft och net grad ënner der Diktatur vum Proletariat wëlle virstellen.[3] Dobäi koum, datt de Premierminister Joseph Bech sech ni richteg mam allgemenge Walrecht, dat 1919 agefouert gouf, ufrënne konnt, an Zäit senges Liewens dem Zensuswalrecht nogetrauert huet. Fir hie ware politesch Manifestatiounen, d'"Muecht vun der Strooss" puren Horror.

Ofstëmme vum Gesetz an der Chamber änneren

De 16. Abrëll 1937 sinn d'Debatten an der Chamber lassgaangen. Se hu 4 Deeg gedauert an den 23. Abrëll gouf d'Gesetz mat grousser Majoritéit (Regierung géint d'Oppositioun), 34 dofir, 19 dogéint, 1 Enthalung, ugeholl.

 
Modell vum Walziedel mat der Fro vum Referendum.

Referendum vum 6. Juni 1937 änneren

Well nom Ofstëmmen d'Oppositioun am Land awer éischter méi staark gouf, huet d'Regierung Bech decidéiert, de Sujet engem Referendum z'ënnerwerfen. Si war iwwerzeegt datt se, gestäipt duerch d'Wort an d'kathoulesch Kierch, eng grouss Zoustëmmung géif kréien. Zu der Iwwerraschung vu villen huet de 6. Juni 1937 awer eng knapps Majoritéit vun der Bevëlkerung (50,67 %) géint dat Gesetz gestëmmt.[4]

Endresultater vum Referendum[5],[6]
Stëmmziedelen, déi d'Wieler ofginn hunn 153.486
Wäiss Ziedelen 7.124
Ongëlteg Ziedelen 3.691
Gëlteg Ziedelen 142.671
"Jo"-Stëmmen 70.371
"Nee"-Stëmmen 72.300
"Jo"-Stëmmen a Prozent 49,33
"Nee"-Stëmmen a Prozent 50,67

Nowéien änneren

De Bech, desavouéiert, huet doropshin der Groussherzogin d'Demissioun vun der Regierung ugebueden. Déi huet s'awer net direkt ugeholl soudatt et bis de 5. November 1937 gedauert bis déi nei Regierung Dupong-Krier, mam Joseph Bech elo als Ausseminister, Minister fir Wäibau an och Konscht a Wëssenschaften, vereedegt gouf.

Artikel 1 vum "Uerdnungsgesetz" änneren

Le parti communiste est dissous et l'activité des associations ou groupements affiliés directement ou indirectement à l'Internationale communiste est interdite sur le territoire du Grand-Duché. Seront de même dissous par décision du Gouvernement tous autres groupements ou associations qui, sous quelque forme ou dénomination que ce soit, visent à changer la Constitution ou à entraver le libre fonctionnement des institutions constitutionelles, soit par violence ou menaces, soit par la constitution de formations armées ou paramilitaires.

Dokumenter zu der Referendumscampagne änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Das Ordnungsgesetz und seine Autoren; Dostert, Paul; forum, Nr 97, Juli/August 1987, S. 30-31
  2. S. Kmec & P. Péporté (éds), 2012. Lieux de mémoire au Luxembourg II, S. 36.
  3. Les adversaires de la Loi Muselière; Wehenkel, Henri; forum, Nr 97, Juli/August 1987, S. 32-36
  4. 72.300 Stëmme géint d'Gesetz, 70.371 dofir.
  5. "Referendum vom 6. Juni 1937 - Offizielles Resultat", Escher Tageblatt, 9. Juni 1937, S. 1
  6. "Referendum - Résultats officiels", Luxembourg - Journal du matin, 10. Juni 1937, S. 1