De Begrëff Stäresystem, beschreift eng gravitativ gebonnen Usammlung vu Matière op d'mannst an der Gréissenuerdnung vun engem Planéitesystem, an deem sengem Gravitatiounszentrum wéinstens ee Stär ass.

D'Galaxis NGC 4414, e Stäresystem op enger Distanz vu 60 Mio. Liichtjoer.

Detailer änneren

Zwéin oder méi gravitativ gebonne Stären an noer Noperschaft (kuckt och Duebelstär), gi jee no Zuel vun de bedeelegte stellaren Objeten, Duebel-, Dräifach- oder Méifach-Stäresystem genannt. Meeschtens gëtt awer direkt dat spezifescht System genannt (z. B. d'Sonnesystem oder d'Alpha-Centauri-System).

D'Usammlung vun e puer honnert, dausend oder souguer Milliarde Stären an anerer interstellarer Matière, déi zwangsleefeg iwwer eng grouss Raumregioun verdeelt sinn, ginn och jee no Gréisst z. B. als „Stärekoup” oder als „Galaxis” bezeechent. Eis Galaxis, d'Mëllechstrooss, huet z. B. ronn 300 Milliarde Stären.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren